Das Vermächtnis (Film 2014)

Kuerzfilm vum Yasin Özen (2014)

Das Vermächtnis ass e lëtzebuergesche Kuerzfilm an däitscher Sprooch vum Yasin Özen. En hat seng Première 2014 um Discovery Zone Luxembourg City Film Festival. E gouf vum CNA, de Feierblumm Productions an dem Service national de la jeunesse, produzéiert. D'Geschicht vum Film ass d'Adaptatioun vum Dréibuch, dat 2013 de Concours "Crème Fraîche" um Discovery Zone Luxembourg City Film Festival gewonnen hat.

Das Vermächtnis
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer 2014
Originalsprooch Däitsch
Ekipp
Regie Yasin Özen
Dréibuch Steve Hoegener
Fotografie Serge Benassutti
Schnëtt Yasin Özen
Produzent CNA
Feierblumm Productions
Service national de la jeunesse
Schauspiller
Luc Spada
Marc Sascha Migge
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

D'Welt, wéi mir se kennen, huet opgehalen z'existéieren. De leschte Mënsch op der Welt huet näischt Besseres ze dinn, wéi dat, wat e schonn ëmmer gemaach huet: E botzt weiderhin eng verloosse Militärbasis.

Mä wéi hie bei enger Expeditioun an d'Ëmgéigend e Camcorder fënnt, mengt en, eng Missioun fir sech entdeckt ze hunn. E wëll dat lescht Testament vun der Mënschheet festhalen.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren