Das Freie Wort (1884-1887)

Das Freie Wort war eng däitschsproocheg Dageszeitung zu Lëtzebuerg, déi wiertes tëscht dem 19. November 1884 an dem 31. Mäerz 1887 als eng Zort Konkurrenz zum Luxemburger Wort erauskomm ass. Editeur war de Pierre Brück.[1]

Dësen hat zanter dem 1. Abrëll 1856 den Optrag, d'Luxemburger Wort ze drécken. Mee de Bëschof Jean-Joseph Koppes hat de 25. Abrëll 1884 d'Rechter um Wort dem Drécker Johann Hary verkaf, deen den 20. November 1886 an den 3. Februar 1887 zesumme mat sengem Stéifjong Louis Held d'Sankt-Paulus-Dréckerei gegrënnt huet. Aus Protest iwwer de Verloscht vun der Drécker-Commande vum Wort huet de Brück seng eegen Zeitung gegrënnt; das Freie Wort.[1]

D'Freie Wort war streng kathoulesch, och wann et sech alt mam Wort an d'Hoer geroden ass. Vill Opmierksamkeet krut et an engem Prozess, deen d'Klara Moes géint et gefouert hat, well et Bréiwer vun hir publizéiert hat.[1]

Redakter waren de Charles André Engel an de Jean-Nicolas Moes.

Den 31. Mäerz 1887 koum déi lescht Nummer vum Freie Wort eraus, an et gouf ersat duerch d'Luxemburger freie Presse.

Kuckt ochÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Romain Hilgert: Zeitungen in Luxemburg. 1704 - 2004- Luxemburg, SIP, 2004, S.129-131.