Damm (Schach)

Schachfigur
Dëse Schachartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schachfiguren
Kinnek
Damm
Tuerm
Leefer
Sprénger
Bauer

D'Damm, Unicode: ♕ ♛, ass déi stäerkst Figur beim Schachspill. Zesumme mam Tuerm gehéiert si zu de Schwéierfiguren. An der Praxis ass d'Damm am Zesummespill mat Tuerm, Leefer a Sprénger eng staark Ugrëffsfigur.

Damm an deenen dräi Spillphasen änneren

Erëffnung änneren

An der Erëffnung sollt d'Damm net ze fréi entwéckelt ginn, well hir exponéiert Stellung dem Géigner Geleeënheet gëtt seng eege Figure duerch Ugrëff op d'Damm, déi doropshin zéie muss, mat Tempogewënn z'entwéckelen. An der Reegel ass et dohier méi sënnvoll, fir d'éischt d'Liichtfiguren, also d'Sprénger an d'Leefer, z'entwéckelen an ze rochéieren. Eng Ausnam stellt zum Beispill d'Skandinavesch Verdeedegung duer, bei där d'Damm schonn am zweeten Zuch gezu gëtt.

Mëttelspill änneren

Am Mëttelspill sollt d'Damm zentraliséiert ginn, fir hir Kraaft z'entfalen. Virun allem d'Kontroll vun oppene Linnen an Diagonalen ass unzestriewen, well se dann hir gréisste Stäerkt, hir Reechwäit, ausspille kann. Dacks féiert d'Damm den Ugrëff duerch, nodeem déi aner Figuren déi dofir néideg Viraussetzunge geschaf hunn. Een an der Literatur beléift Motiv, dat an der Praxis allerdéngs seele virkënnt, ass d'Dammenaffer. Dobäi gëtt d'Damm géint eng däitlech méi schwaach Figur geaffert, fir ee spillentscheedende Virdeel z'erlaangen, zum Beispill een direkte Mattugrëff.

Endspill änneren

D'Damm kann entscheedend beim Mattsetze vum géigneresche Kinnek hëllefen. Grad am Endspill, wa bal keng Figure méi um Schachbriet sinn, ka se hir grouss Reechwäit besonnesch gutt ausspillen, wouduerch se dacks zu enger spillentscheedender Figur gëtt.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Damm – Biller, Videoen oder Audiodateien