Eng Déifkilltru, och nach Tifküler, Tifkültru oder einfach Killtru oder Tru[1], ass en elektreschen Apparat, deem säin Zweck et ass Liewensmëttel z. B. Déifkillkascht déifzefréieren an op laang Dauer bei enger Temperatur vu -18° C ze lageren.

Eng oppe Killtru

Vum technesche Standpunkt aus gesinn gläicht d'Tru dem Frigo, mam Ënnerscheed datt se méi eng héich Killleeschtung huet a méi staark isoléiert ass. Si gëtt am Stot, an der Industrie an am Handel benotzt. Liewensmëttel, déi op -18 °C an nach méi kal gelagert ginn, sinn eng laang Zäit haltbar[2].

D'Déifkilltru huet hiren Numm well déi éisch Modeller d'Form vun enger Tru haten. De Virdeel vun engem Déifkillschaf ass well dee liicht an enger Abaukiche kann integréiert ginn. Säin Nodeel ass de méi héije Stroumverbrauch.

Um Spaweck änneren

Commons: Déifkilltru – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Synonymmer op [1] LOD.LU
  2. http://www.economie.gouv.fr/dgccrf/Publications/Vie-pratique/Fiches-pratiques/Conservation-des-aliments