Csesznek (op Däitsch: Zeßnegg, op Kroatesch: Česneg a Slowakesch: Česnek) ass en Duerf mat ronn 600 Awunner an der Veszprém Komitat, Ungarn, dat eng relativ bekannte mëttelalterlech Buerg opweises huet.

Buerg an Duerf

Dës Buerg gouf géint d'Joer 1263 vum Baron Jakab Cseszneky baue gelooss, deen de Schwertdréier vum Kinnek Béla IV. war. Hien a seng Nokomme sinn no der Buerg Cseszneky genannt ginn. Tëscht 1326 a 1392 war d'Buerg am Besëtz vum Kinnek, bis dann de Kinnek Sigismund se mat der Garai Famill géint d'Banat vu Macsó getosch huet.

1482 ass déi männlech Linn vun de Garais ausgestuerwen an de Matthias Corvinus huet d'Buerg der Szapolyai Famill geschenkt. 1527 huet de Baron Bálint Török se iwwerholl. Wärend dem 16. Joerhonnert waren et d'Csábi, Szelestey a Wathay Famillen deene Csesznek gehéiert huet. De Lőrinc Wathay huet 1561 mat Erfolleg d'Belagerung vun den Ottomanen zeréckgeschloen. Mä 1594 gouf d'Schlass trotzdeem vun den tierkeschen Truppe besat, bis datt 1598 d'Ungarn se nees séier zeréckhaten. Den Dániel Esterházy huet d'Schlass an d'Duerf 1635 kaaft a vun där Zäit u bis 1945 ware se fest am Besëtz vun der Esterházy Famill.

Um Spaweck änneren

Commons: Csesznek – Biller, Videoen oder Audiodateien