Crunch the Band ass eng lëtzebuergesch Country-Rock-Band, déi 1992 gegrënnt gouf.

Crunch the Band
Den Alberto um Bass
Museksgenre Country, Rock
Land Lëtzebuerg
Grënnung 1992
Trennung ?
Memberen Ferd Pavant (Akustesch Gittar, Gesank)
Alberto Rinaldis (Bass, Gesank)

Bandgeschicht änneren

De Ferd Pavant (akustesch Gittar a Gesank) huet Crunch the Band Enn 1992 mat dräi Kolleegen, dem Jos Pletschet, dem Phonny Philippe an dem Roland Migeotte gegrënnt. Bis 1995 huet Crunch an där Formatioun gespillt.

Vun 1996 bis 2010 hat Crunch the Band verschidde Bandmemberen. D'Museker koumen all aus verschiddene Beräicher, wéi Rock, Jazz, Blues & Fusion. Dat Ganzt zesummegemixt huet dem Ferd Pavant no de "Crunch Sound" erginn. Hie wollt mat de Klischeeën iwwer d'Countrymusek opraumen an "e Genre vun New Country mat Jazz, Blues, Rock & Folk Afless" maachen, deen "an der haiteger US Amerikanesch Fachpress als Country Fusion bezeechent gëtt".

No enger forceierter Paus, koum Crunch The Band 2016 zeréck op d'Bün.

Repertoire (Auswiel) änneren

  • Telephone Road
  • Another Good Reason
  • Fields of Gold
  • Big Balls in Cowtown
  • Livin' on Tulsa Time
  • Proud Mary
  • Knocking on Heaven's Door
  • E klengt Wuert

Discographie änneren

  • 1993: Den 1.te Mee (Kassett)
  • 1994: Handle with Care (CD)