D'Costa del Sol (lëtzb.: Küst vun der Sonn) ass eng Küst am Süde vum spueneschen (Andalusien) Am Oste schléisst se un d'Costa Tropical an am Westen, getrennt durch d'Strooss vu Gibraltar, un d'Costa de la Luz un. Bei enger Totallängt vun 300 km ëmfaasst se d'Mëttelmier-stränn vun den andalusësche Provënze Málaga a Cádiz.

Kaart vun Andalusie mat der Costa del Sol

Dat Subtropescht Klima suergt dat ganzt Joer duerch fir agréabel Temperaturen an d'Küst ass doriwwer eraus och nach zusätzlich duerch Bierggkette virum Nordwand geschützt.

Zanter den 1960er Joren huet sech d'Costa del Sol opgrond vu sengem Klima a senge méi wéi 320 Sonnendeeg am Joer zu engem attraktiven Touristenzentrum entwéckelt. Haut huet sech seng touristesch Attraktivitéit duerch déi staark ausgebauten Hotelinfrastrukturen an déi ëmfangräich Sportméiglechkeeten nach zousätzlech erhéicht. Zentre vum Tourismus si westlech vu Málaga d'Küstensträif vun Torremolinos/Benalmádena iwwer Marbella bis San Pedro de Alcantara an am Oste vu Málaga d'Küst tëscht Torre del Mar a Nerja. Den Deel vun der Costa del Sol tëscht Axarquía (Prov. Málaga) iwwer Motril (Prov. Granada) bis zur Provënz Almeria gëtt och als Costa Tropical bezeechent.

Um Spaweck änneren

Commons: Costa del Sol – Biller, Videoen oder Audiodateien