D'Cora war eng eestufeg franséisch Experimentalrakéit.

Franséisch Experimentalrakéit Cora

D'Rakéit gouf mat Distéckstofftetroxid an UDMH ugedriwwen. Mat der Cora goufe Komponente fir déi geplangt Europa-Rakéit getest. D'Dreifstuf vun der Cora war 5,5 Meter laang an hat en Duerchmiesser vun 2 Meter. Hiert Gewiicht war vollbetankt 9,85 Tonnen. Déi ganz Rakéit hat eng Längt vun 11,5 Meter an e Startgewiicht vu 16,5 Tonnen.

D'Cora gouf de 27. November 1966 an den 18. Dezember 1966 zu Hammaguir gestart. Beim éischte Start goung d'Kontroll iwwer d'Rakéit no 62 Sekonne verluer. Den zweete Start war erfollegräich. De 25. Oktober 1967 hat e weidere Start um Testfeld bei Biscarrosse net geklappt.

D'Cora war déi gréisst Rakéit, déi a Westeuropa gestart gouf.

Cora
Cora
Cora

Um Spaweck änneren

Commons: Cora (Rakéit) – Biller, Videoen oder Audiodateien