Konvergenzkrittären

(Virugeleet vu(n) Convergenzcritèren)
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Konvergenzkrittären si Krittären, déi opgrond vum Vertrag vu Maastricht erfëllt musse sinn, fir an d'Eurozon kënnen opgeholl ze ginn. Och déi Länner, déi scho Member sinn, musse sech drun halen. Si sinn opgestallt ginn, fir d'Stabilitéit vum Euro ze garantéieren.

Véier Krittären änneren

Am Paragraph 121 vum Maastrichter Vertrag si véier Krittäre virgesinn:

  • D'Präisstabilitéit muss séchergestallt sinn. Den Inflatiouns-Taux däerf héchstens 1,5 % iwwer deem vun den 3 präisstabilste Länner leien.
  • Den ëffentlechen Defizit muss a Grenze bleiwen. D'Netto-Neiverschëldung pro Joer däerf net méi héich si wéi 3 % vum Bruttoinlandsprodukt (BIP). D'ëffentlech Schold muss sech des Weideren an enger Limitt vu 60 % vum Bruttoinlandsprodukt beweegen.
  • D'Bäitrëttslänner mussen noweisen, datt d'Wiesselcoursë vun hirer Wärung zwee Joer laang, ouni Ofwäertung, bannent den erlaabte Bandbreete louchen.
  • Schliisslech sinn d'Länner vun der Eurozon verflicht, den Niveau vun den Zënsen ze kontrolléieren; de laangfristegen Zënssaz däerf net méi wéi 2 Prozentpunkten iwwer deem vun den 3 Länner mat dem niddregste Saz leien.

D'Schwieregkeete mam Anhale vun dëse Krittären änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren