Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Containerlueder si Gefierer oder stationär Krananlagen, déi dofir geduecht sinn, Container vun enger Plaz op eng aner ze transportéieren.

Bei de Gefierer gëtt et e puer Modeller:

De Frontlift-Containerlueder änneren

De Containerlueder mat Frontlift, funktionéiert wéi e Clark, genannt no der Firma Clark, déi ënner aneren déi Gefierer materfonnt huet. En ass éischter geduecht fir méi kleng Container, bis zu 20'.

De Containerlueder mat Gräifaarm änneren

De Gräifaarm.Containerlueder ass méi maniabel; e ka Container iwwer kuerz Strecken transportéieren a se jee no Gréisst, bis zu enger Héicht vun zirka 10 Meter hiewen.

De Spannebeen-Containerlueder änneren

De Containerlueder mat Spannebeen, genannt no der Form, fiert op sechs oder aacht Rieder a ka souguer 53' Container droen. Seng Luedhéicht ass reduzéiert op seng eegen Héicht.