D'Concours des machines ware Concourse fir kleng Atelieren déi Vëloe gebaut hunn. Se hunn an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert ugefaangen a bis 1949 gouf et 9 Editiounen. Mat deene Concourse kruten déi kleng Handwierkeratelieren d'Méiglechkeet fir Iddien op de Maart ze bréngen a fir hir technesch Innovatiounen op der internationaler Zeen ze weisen a sou d'Vëlosindustrie weiderzebréngen.

An der zweeter Hallschent vum Joerhonnert goufe keng Concourse méi gemaach, an d'Vëlosindustrie huet e puer Verännerungen erlieft. D'Mondialisatioun huet mat sech bruecht datt déi kleng Fabrikanten hir Produktioun missen delokaliséieren oder se si vun de Grousse gefriess ginn. Dat neit Material wat um Vëlosmaart opgedaucht huet de klengen Atelieren och nach e Messer an de Réck gestouss.

An de leschten 20 Joer wéi de Fräizäitsport ëmmer méi gewuess ass, huet d'artisanal Konstruktioun nees en Essor kritt an en ettlech Vëlosatelieren hu sech op Spezialfabrikatiounen à la tête du client ausgeriicht. Déi sougenannt Nobelmarke schaffen a klenge Quantitéiten op d'Mooss vum Cyclist. Meeschtens gëtt nach wéi fréier vill an Handaarbecht gemaach. Beispiller dofir sinn Aarios e Schwäizer Fabrikant a Singer zu Levallois bei Paräis. Wann een nëmmen déi bekanntst zielt da kënnt een op der Welt op knapps 50 Stéck.

Eng vun deene Firmaen Cycles Victoire, eng jonk Entreprise vu Clermont-Ferrand déi Vëloen op d'Mooss mécht, huet 2016 zesumme mam Magasinn 200 nees d'Concours de machines an d'Liewe geruff, déi mat Hëllef vun der Associatioun Les Copains organiséiert gouf.