De Collegium Trilingue, och Collegium Trium Linguarum oder Collegium Buslidianum, war de laténgeschen Numm vun engem Kolléisch vun der Universitéit vu Léiwen, deen op Hollännesch als Drietalencollege bekannt ass. Do goufen déi dräi klassesch Sprooche Griichesch, Latäin an Hebräesch enseignéiert.

Collegium Trilingue
Typ Universitéit
Land Belsch
Schëld am Busleidengang zu Léiwen

Et war dëst deen éischte vun där Zort. De François Ier huet sech en zum Virbild geholl fir de Collège royal zu Paräis, den haitege Collège de France, ze grënnen.

De Collegium Trilingue war vum Jérôme vu Bauschelt gestëft ginn, deen en testamentaresch der Universitéit vu Léiwen verierft hat. Säi Frënd Desiderius Erasmus huet sech deemools ëm d'Ëmsetzung gekëmmert. De Kolléisch gouf 1518 ageweit. Ënnena gouf et e Klassesall an eng Kapell, um éischte Stack waren d'Dortoiren.

En Deel vun de Gebaier vum fréieren Drietalencollege

An der Zäit vun der Franséischer Revolutioun gouf de Kolléisch definitiv zougemaach.

D'Gebai steet haut nach zu Léiwen; et ass ë. a. e Restaurant dran.

Literatur änneren

  • Henry de Vocht: History of the foundation and the rise of the Collegium Trilingue Lovaniense, 1517-1550, 4 Bänn, Louvain: 1951-1955

Um Spaweck änneren