De Col de Marsolino op Korsesch Bocca di u Marsulinu ass e 443 Meter héije Col an der Haute-Corse. Iwwer de Col féiert d'Departementsstrooss D 81, déi vu Calvi op Ajaccio féiert.

De Col läit um Scheed vun den Däller vun de Flëss Marsolino a Figarella.

Um Col steet e Monument dat un d'Fligeraccident erënnert bei deem de franséische Politiker Yvon Briant mat senger Famill ëm d'Liewe koum.

De Col um Tour de France änneren

De Col ass um Tour de France eng Kéier passéiert ginn: déi 3. Etapp vum Tour de France 2013 ass iwwer de Col gefuer, Gewënner vun der Etapp war de Pierre Roland.
E gëtt als Col vun der 2. Kategorie gewäert.