Eng Cluse (aus dem Latäin: clausa = zou) ass eng Landform am Relief vum Jura.

Et ass e Passage tëscht zwéi géien Häng oder queesch duerch een Hank vun engem Dall an den aneren, deen e Waasserlaf sech gewullt huet.

Doudeg Clusen nennt een déi, duerch déi haut kee Waasser méi leeft.

Vill Uertschaften am Jura oder soss a Bierggéigenden hunn d'Wuert Cluse an hirem Numm, z. B. La Cluse am Departement Hautes-Alpes, Montréal-la-Cluse am Departement Ain, Nancy-sur-Cluses, La Clusaz a Châtillon-sur-Cluses am Departement Haute-Savoie, La Cluse-et-Mijoux am Departement Doubs, an och d'Departement Vaucluse.