De Club Dorothée war eng franséisch Televisiounsemissioun, déi vum 2. September 1987 bis den 30. August 1997 op TF1 gelaf ass a vun AB Productions produzéiert gouf.

D'Emissioun gouf vu 5 Animateure presentéiert (Dorothée, Jacky, Ariane Carletti, François Corbier a Patrick Simpson-Jones). Nieft Mangaen a Serien, déi extra fir de Club Dorothée produzéiert goufen, sinn och Gewënnspiller organiséiert ginn.

Hiert Zilpublikum waren eeler Kanner a Jugendlecher.