Clientskaarte sinn e Marketing-System, fir Clienten ze fideliséieren. Si kënne perséinlech op een Eenzelen ausgestallt sinn, oder iwwerdroe ginn. Se sinn aus Pabeier oder aus Plastik, am leschte Fall meeschtens am Format vun enger Kreditkaart, an och dacks mat Chip oder Magnéitsträif ekipéiert.

Verschidde Clientskaarten

Clientskaarte déngen dozou, Akeef ze registréieren. Si kënnen hirem Besëtzer gewësse Virdeeler bréngen, z. B. eng Ristourne oder e Saachwert no enger bestëmmter Zuel vun Akeef oder enger bestëmter Gesamtzomm, Zougank zu bestëmmten Offeren oder Leeschtungen, asw. Deem, deen D'Kaart ausstellt, déngen dës Kaarten dozou, d'Clienten un hiert Geschäft oder hir Chaîne ze bannen, andeems deenen d'Virdeeler nëmmen zoustinn, wa se reegelméisseg dës Kaart benotzen (an deemno an hire Geschäfter akafen). Och ginn si doduerch, datt se d'Kaart an hirem Portmonni hunn, ëmmer nees un de Kaartenausstellert erënnert. Ausserdeem erméiglecht d'Clientskaart, wa se nominell ass, d'Kafcomportementer vun de Clienten ze registréieren a sou Clientsprofiler opzestellen, déi dann nees z. B. am Direktmarketing benotzt kënne ginn.

An den USA hu geschate 70% vun de Stéit eng Clientskaart vun engem Supermarché, an Holland souguer méi wéi 80%.[1]

Literatur änneren

  • Meyer-Waarden, L.: La fidélisation client: Stratégies, pratiques et efficacité des programmes de fidélisation. Vuibert, Paris (2004)

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. S. Gupta, D.R. Lehmann (2005) Managing Customers as Investments, Upper Saddle River
Commons: Customer loyality cards – Biller, Videoen oder Audiodateien