Clerke (Moundkrater)

Moundkrater


De Clerke ass e klengen Aschlagkrater no beim Eck vum Mare Serenitatis op der viischter Moundsäit. De bal kreesronnen, tasefërmege Krater läit an der Mëtt vun engem als Rimae Littrow bezeechente System vu Rillen, dat nom Littrow-Krater am Osten dervun, genannt ass. Hien huet eng relativ héich Albedo.

Clerke
De Clerke an d'Rimae Littrow (Foto: Apollo 17)
Koordinaten 21°40'48"N, 29°48'0"O
Duerchmiesser 6,66 km
Déift 1.440 m
Selenographesch Längt 330° bei Sonnenopgank
Genannt no Agnes Mary Clerke
Genannt am Joer 1973
Moundvéiereck LQ12

An engem Dall südëstlech vum Krater ass d'Landeplaz vun der Apollo 17.

Viru senger Ëmbenennung duerch d'I.A.U. (IAU) am Joer 1973 gouf de Clerke als Littrow B bezeechent.

Nërdlech vum Clerke läit d'Kraterketten Catena Littrow.

De Krater gouf no der iresch-brittescher Astronomin Agnes Mary Clerke (1842–1907) genannt.[1]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Sylvia Paletschek: Thema: Popularisierung von Wissenschaft