Claude Barzotti

belsche Sänger
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Claude Barzotti, gebuer al Francesco Barzotti den 23. Juli 1953 zu Châtelineau, an der Provënz Hainaut, a gestuerwen de 24. Juni 2023 zu Court-Saint-Étienne, an der Provënz Wallounesche Brabant, war e belsche Sänger, Komponist a Lidderauteur mat italieeneschen Originnen.

Claude Barzotti
Gebuertsnumm Francesco Barzotti
Gebuer 23. Juli 1953
Châtelet
Gestuerwen 24. Juni 2023
Court-Saint-Etienne
Doudesursaach Bauchspäicheldrüsekriibs
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Sänger, Discographesche Kënschtler

Hien huet de gréissten Deel vu senger Kandheet an der Géigend vu Pesaro verbruecht, ier en a säi Gebuertsland, d'Belsch, zeréckkoum.

Als Sänger gouf hie bekannt mat Lidder wéi Madame, Le Rital oder Je ne t'écrirai plus an den 1980er Joren, oder Aime-moi 1990.

Tëscht 2008 an 2020, ass hie mat aneren Artisten am Kader vun Âge tendre op Tournée oder op Croisièrë gaangen.

Discographie änneren

Studioalbummen[1] änneren

  • 1981 : Madame
  • 1983 : Le Rital
  • 1984 : Beau, j's'rai jamais beau
  • 1986 : C'est moi qui pars…
  • 1987 : J'ai les bleus
  • 1990 : Aime-moi
  • 1991 : Douce
  • 1991 : Amani
  • 1992 : Pour elles
  • 1993 : Chante en italien
  • 1993 : Chante Noël
  • 1996 : Je t'apprendrai l'amour
  • 1998 : Émotions
  • 2003 : Ancora
  • 2013 : Une autre vie
  • 2013 : Re-chante Noël
  • 2015 : Le temps qui passe
  • 2019 : Un homme

Um Spaweck änneren

Commons: Claude Barzotti – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Fir eng komplett Lëscht:« Discographie Claude Barzotti op discogs.com »