Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Clara Viebig, gebuer de 17. Juli 1860 zu Tréier a gestuerwen den 31. Juli 1952 zu West-Berlin, war eng däitsch Schrëftstellerin.

Clara Viebig
Gebuer 17. Juli 1860
Tréier
Gestuerwen 31. Juli 1952
Berlin
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Schrëftsteller, Journalist, Dramatiker

Si huet naturalistesch Romaner a Kuerzgeschichte mat sozialkriteschem Charakter wéi Kinder der Eifel (1897), Das Kreuz im Venn (1908) an Der Vielgeliebte und die Vielgehasste (1935) geschriwwen. Si war vun 1896 u mam Friedrich Theodor (Fritz) Cohn bestuet, deen Associé am Verlag F. Fontane & Co. (spéider: Egon Fleischel & Co.) war, wou si vun do u publizéiert huet.

D'Clara Viebig an d'Iechternacher Sprangpressessioun änneren

Aus Lëtzebuerger Siicht ass besonnesch de Roman Das Kreuz im Venn, deen 1908 publizéiert gouf, interessant, well do d'Iechternacher Sprangpressessioun beschriwwe gëtt. Datt d'Clara Viebig dobäi op eegen Erfarung zeréckgräife konnt, geet aus dem Bericht iwwer d'Sprangpressessioun ervir, dee si 1902 an der däitscher Zeitung „Der Tag“ publizéiert huet.[1]

Literatur änneren

  • Massard, J. A., 2021. Clara Viebig und die Echternacher Springprozession. Online-Post.
  • Wilhelm, F., 1991. Si Echternach m'était conté… (19): La romancière eifeloise Clara Viebig et la Procession dansante. In: Die Warte, 44 (1991), 15/1591 (16. Mai): 4.
  • Seiler, E., 2012. Zur Geschichte der Springprozession. In vielen Sprachen. In: Die Warte 2012-03-29, Nr. 12, S. 9-12.
  • Moog, Ferdinand Peter, 2020. Echternach als Ort von Heil und Heilung – Zu Clara Viebigs „Das Kreuz im Venn“. In: Axel Karenberg & Mathias Schmidt (Hg.): Medizin- und Pharmaziegeschichte im Fokus: Beiträge des „Rheinischen Kreises der Medizinhistoriker“, S. 273-292 (Schriften des Rheinischen Kreises der Medizinhistoriker, Bd. 5).

Referenzen änneren

  1. Die Springprozession. In: Der Tag, Illustrierte Unterhaltungs-Beilage, 24. Mai 1902 [zitéiert bei: Seiler 2012].