D'Société luxembourgeoise de guitare classique, kuerz Cithara[1], regruppéiert zu Lëtzebuerg Leit déi sech fir d'klassesch Gittar begeeschteren. D'Gesellschaft gouf den 31. Juli 1997 gegrënnt[2]. Si huet hiren offizielle Sëtz zu Waarken.

De Veräin Cithara gëtt den "Cithara Info" eraus, vun deem bis Mee 2009 46 Ausgabe publizéiert goufen. An dem Blietche fënnt ee Kriticke vu Concerten, Ukënnegunge vun Events an Atelieren an Internes. Vu Mee 2009 u gëtt de "Cithara Info" net méi gedréckt, mä als elektronesch Newsletter per Email verschéckt.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Cithara ass déi laténgesch Bezeechnung fir eng klassesch Gittar. Am Griicheschen heescht d'Gittar Kithara (κιθάρα).
  2. Cf. Statuts publiés lors de la constitution. Mémorial C 645 (1997): 30915 vum 19.11.1997.