D'Circinusgalaxie (ESO 97-G13) ass en Typ-2-Seyfertgalaxie am Stärebild Circinus an déi aktiv Galaxie déi am nooste bei der Mëllechstrooss steet. Si steet grad emol 4 Grad ënner dem galaktesche Plang an ass ongeféier 13 Millioune Liichtjoer vun eis ewech.

Circinusgalaxie ESO 97-G13
Foto opgeholl vum Hubble-Weltraumteleskop
Stärebild Circinus
Objettyp Galaxie vum Typ-2-Seyfertgalaxie
Rektaszensioun 14h 13m 10s
Deklinatioun - 65° 20' 21"
Equinoxe J2000.0
Visuell Magnitude 12,1 mag
Distanz zirka 13 Mio. Liichtjoer
Wénkelduerchmiesser 6.9/3.0
Radialvitess (426 ± 25)
Spektralklass Sb
Katalogbezeechnungen ESO = 97-G13; IRAS = 14092-6506;
PGC = 50779; HIPASS J1413-65

D'Galaxie huet grouss Deeler vun turbulentem Gas, dat an zwéi Réng ëm den Zentrum konzentréiert ass. De baussenzege Rank ass ongeféier 700 Liichtjoer vum Galaxiezentrum ewech a weist staark Stäregebuerten. De bannenzege Rank huet e Radius vu ronn 130 Liichtjoer.

Obschonn et sech ëm eng Galaxie handelt, déi zimmlech no läit, gouf si eréischt an den 1970er-Joren entdeckt, well si vu Matière aus eiser eegener Galaxie verstoppt gëtt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren