De Christopher Reynolds Stone, gebuer den 19. September 1882 a gestuerwen den 22. Mee 1965 war e Radiosspeaker an den éischten Discjockey am Vereenegte Kinnekräich.

Christopher Stone
Gebuer 19. September 1882
Gestuerwen 22. Mee 1965
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Eton College
Aktivitéit Offizéier

Hie war dee jéngste Jong vum Edward Daniel Stone, deen assistant master um Eton College an de Grënner vun der Stonehouse preparatory school war. De Christopher Stone huet seng Ausbildung um Eton College an am Royal Fusiliers Regiment gemaach. Am Joer 1906 huet de Stone e Buch mat Séimannslidder a Balladen erausbruecht. 1923 huet hien d'Geschicht vu sengem ale Regiment geschriwwen. Hie gouf de Londoner Editeur vum „Gramophone“, enger Zäitschrëft iwwer klassesch Musek.

De Stone ass un d'BBC erugetrueden, mat der Iddi vun engem Programm an deem Placke géife gespillt ginn. D'Iddi gouf awer vun der BBC ofgewisen. De Stone konnt se méi spéit dunn awer nach iwwerzeegen an de 7. Juli 1927 huet hien ugefaange Placken a senge Sendunge ze spillen. Säin entspaanten, dialogorientéierte Stil war aussergewéinlech an enger Zäit, an där déi meescht BBC-Presentatiounen extreem formell waren, a seng Programmer goufen doduerch ganz populär. Hien hat ëmmer e Costume an eng Krawatt u wann hie gesent huet.

1934 ass de Stone fir eng Pai vu 5.000 Pond (haut ongeféier 95.000 €) am Joer bei den engleschsproochege Programm vu Radio Lëtzebuerg gaangen a gouf doropshi bei der BBC gespaart. Hien huet fir d'Sonndeszeitung Sunday Referee eng Chronik iwwer nei populär Placke geschriwwen an huet och Reklamme geschwat. Am Joer 1937 huet hien als Monni Chris ((en) Uncle Chris) op Radio Lyons déi éischt deeglech Kannersendung „Kiddies Quarter Hour“ an engem kommerzielle Radio presentéiert. De Stone ass méi spéit nees bei d'BBC hannescht gaangen. Hien huet 1941 e Skandal ausgeléist well hien den 11. November dem Kinnek Victor Emmanuel vun Italien iwwer Radio fir deem säi Gebuertsdag gratuléiert huet. Dës Gléckwënsch un d'Adress vun engem Staatschef vun engem Land mat deem England am Krich war, huet dozou geféiert, datt der BBC hire Senior controller entlooss gouf an datt déi staatlech Kontroll iwwer d'Sendunge méi streng gouf.

De Stone war e begeeschterte Plackesammler; an der Mëtt vun den 1930er Joren hat hien der schonn iwwer 12.000.

Bibliographie änneren

  • Sea songs and ballads, 1906
  • A History of the 22nd (service) battalion, Royal fusiliers (Kensington), 1923
  • From Vimy Ridge to the Rhine: The Great War Letters of Christopher Stone, D.S.O., M.C., 1989

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren