Christine Majerus
D'Christine Majerus, gebuer de 25. Februar 1987 an der Stad Lëtzebuerg, ass eng fréier lëtzebuergesch Sportlerin, déi no enger kuerzer Karrär als Liichtathleetin, Duathleetin an Triathleetin tëscht 2006 an 2024 am Vëlossport aktiv war. Den 13. Oktober 2024, mat hirer Participatioun um Simac Ladies Tour, huet si hirer sportlecher Karriär en Enn gesat.[1]
Christine Majerus | |
---|---|
Gebuer |
25. Februar 1987 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Cyclocrossfuerer |
Veräin/Ekipp | SD Worx |
Huet matgemaach bei | UCI-Kalenner 2019, UCI Women’s World Tour 2016, Internationalen UCI-Kalenner fir Dammen, Internationalen UCI-Kalenner fir Dammen 2015, Internationalen UCI-Kalenner fir Dammen 2014, Internationalen UCI-Kalenner fir Dammen 2013, Internationalen UCI-Kalenner fir Dammen 2012, Tour de France Femmes 2022, Tour de France Femmes 2023 |
Si war dräimol Lëtzebuerger Championne - am Cyclocross, Zäitfueren a Stroossecourse -, huet de Boels Ladies Tour an de Festival Elsy Jacobs gewonnen, huet e Weltmeeschtertitel am Zäitfuere mat der Ekipp a war véiermol bei den Olympesche Spiller mat dobäi. Si gouf siwemol vun der Lëtzebuerger Sportpress zu der Lëtzebuerger Sportlerin vum Joer gewielt.[2]
Sportlech Karriär
ännerenD'Christine Majerus ass iwwer d'Liichtathleetik, den Duathlon an den Triathlon op de Cyclissem komm an ass zu Lëtzebuerg beim SaF Zéisseng lizenzéiert.
An der Saison 2007/2008 ass d'Christine Majerus fir de franséische Groupe sportif ESGL 93 - GSD Gestion gefuer. An der Coupe de France huet d'Christine Majerus d'Espoirs-Klassement gewonnen an am Scratch-Klassement (all Kategorien zesummen) eng fënneft Plaz gemaach.
Wärend deem Joer huet si hiert Studium mat zwéi Master-Diplomer a Sportwëssenschaften absolvéiert.[1]
An der Saison 2013 war se fir déi belsch Ekipp Sengers Ladies Cycling Team ënnerwee[3].
D'Christine Majerus huet Lëtzebuerg véiermol bei den Olympesche Summerspiller vertrueden: 2012 zu London, 2016 zu Rio, 2021 zu Tokio an 2024 zu Paräis.
Nodeem si 14-mol hannerteneen (vun 2010 bis 2023) lëtzebuergesch Championne bei de Landesmeeschterschafte war, huet si op Nationalfeierdag 2024 zu Harel den Titel un d'Marie Schreiber missen ofginn[4].
Palmarès
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
2007
änneren- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss am Zäitfueren
- 3. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne
2008
änneren- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss am Zäitfueren
- 2. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne
- 4. am Grand Prix Elsy-Jacobs
- 4. an der Trophée des Grimpeurs
- 8. am Prix de la Ville de Pujols
- 9. a Cholet - Pays de Loire
- 10. an de Ladies Berry Classics Indre
- 13. am Tour de Bretagne Féminin
- 13. am EKZ Züri Metzgete
- 16. an der Classic Feminine Vienne Poitou-Charentes
- 27. am Tour du Grand Montréal
- 10. an der 1. Etapp zu Châteauguay (85,5 km)
- 9. an der 2. Etapp zu Granby (104 km)
- 9. an der 4. Etapp a Petite-Italie (50 km)
- 31. am Tour de Prince Edward Island
- 32. bei der Coupe du Monde zu Montréal (110,6 km)
- 37. am Grand Prix de Plouay féminin (114,6 km)
2009
änneren- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss am Zäitfueren
- 2. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne
- 3. a Cholet-Pays de Loire (81,6 km)
- 6. am Grand Prix de Chambéry le Vieux (83 km)
- 7. am Prix de la Ville de Pujols
- 9. am Gran Premio Brissago Lago Maggiore (100,7 km)
- 16. am Grand Prix Elsy-Jacobs (100 km)
- 18. an de Ladies Berry Classics Cher
- 26. am Tour de Berne (135,8 km)
2010
änneren- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss am Zäitfueren
- 1. bei der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft am Cyclo-Cross
- 2. a Cholet - Pays de la Loire
- 2. an der Etoile grand est féminin zu Beine-Nauroy
- 2. an der Course en ligne (84 km)
- 2. am Zäitfueren (14 km)
- 3. an de Ladies Berry Classics Cher
- 5. am Prijs Stad Roeselare (135,5 km)
- 5. am Grand Prix de France (115,1 km)
- 12. am Grand Prix Elsy-Jacobs (114,2 km)
- 13. am Prix de la ville de Pujols
- 15. am Grand Prix Mameranus (110,9 km)
- 15. am Tour cycliste féminin international de l'Ardèche
- 7. an der 1. Etapp vu Le Pouzin op Beauchastel (113,2 km)
- 10. an der 4. Etapp vu Saint-Sauveur-de-Montagut op Cruas (129 km)
- 10. an der 5. Etapp vu Saint-Martin d'Ardèche op Villeneuve-de-Berg (114,6 km)
- 3. an der 6. Etapp Saint-Just en Ardèche op Saint Martin d'Ardèche (88,5 km)
- 18. an der Herald Sun World Cycling Classic Ballarat (90 km)
- 32. a Route de France féminine 2010
- 37. an der Flèche wallonne féminine (109 km)
- 46. am Tour fémimin en Limousin
2011
änneren- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss am Zäitfueren
- 1. bei der lëtzebuergescher Landesmeeschterschaft am Cyclo-Cross
- 1. am Therme Kasseienomloop (126 km)
- 2. am Sparkassen-Giro (87,6 km)
- 2. am G.P. Geert Gillis - Erpe-Mere (119,9 km)
- 3. a Knokke - Bredene (112,7 km)
- 4. am Grand Prix de Plumelec (100,3 km)
- 4. an der Classic Féminine Vienne - Poitou Charentes (119 km)
- 5. a Cholet - Pays de Loire (112 km)
- 7. a Gooik - Geraardsbergen - Gooik (132 km)
- 7. am Dwars door de Westhoek (124,7 km)
- 7. am Grand Prix de Nogent l'Abbesse
- 5. an der Course en Ligne (81,6 km)
- 5. am Eenzelzäitfueren (13,45 km)
- 8. an Halle - Buizingen (120,1 km)
- 9. am Prijs Stad Roeselare (135,1 km)
- 9. am Grand Prix de Dottignies (128,1 km)
- 9. am Grand Prix Nicolas-Frantz (96,7 km)
- 9. am Grand Prix Fémin'Ain (98 km)
- 12. an der Unive Ronde van Drenthe (132,8 km)
- 14. am Prix de la Ville du Mont Pujols (95 km)
- 18. an der Ronde van Vlaanderen (129,9 km)
- 21. am Grand Prix Elsy-Jacobs (114,2 km)
- 23. am Grand Prix de Plouay - Bretagne (114,6 km)
- 28. am Tour féminin en Limousin
2012
änneren- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss an der Course en Ligne
- 1. bei den Nationale Meeschterschaften op der Strooss am Zäitfueren
- 4. am Grand Prix de Dottignies (133,25 km)
- 5. a Cholet - Pays de Loire (116 km)
- 7. an Halle - Buizingen (121,3 km)
- 8. an der Ronde van Vlaanderen (127,4 km)
- 8. am Le Samyn des Dames (116,4 km)
- 14. am Omloop Het Nieuwsblad (119,4 km)
- 16. am 7-Dorpenomloop Aalburg (121,2 km)
- 17. am Prijs Stad Roeselare (129,5 km)
- 20. am Trofeo Alfredo Binda (131,2 km)
- 21. ënner 66 Konkurrentinnen bei den Olympesche Summerspiller zu London an der Stroossecourse (140 km)
- 25. an der Flèche wallonne féminine (123 km)
- 28. am Omloop van het Hageland (123,6 km)
2013
änneren- 1. bei de Spiller vun de klenge Länner 2013 am Zäitfueren
- 1. bei de Spiller vun de klenge Länner 2013 an der Stroossecourse
- 1. bei de Spiller vun de klenge Länner 2013 am Mountainbike
2014
änneren…
2015
änneren- 3. bei der Energiewacht Tour
2016
änneren- 1. an La Classique Morbihan
- 1. am Dwars door de Westhoek
- 2. am Grand Prix de Plumelec-Morbihan Dames
- 2. am Drentse Acht van Westerveld
- 2. am Diamond Tour
- 7. beim Samyn des Dames
- 1. an der éischter Etapp vum The Women's Tour 2016
- Olympesche Summerspiller zu Rio de Janeiro:
2017
änneren- 1. am Grand Prix Elsy-Jacobs
2018
änneren…
2019
änneren2020
änneren…
2021
änneren- Olympesche Summerspiller zu Tokio:
- 20. Plaz an der Stroossecourse mat 3:55:13 h
- 21. Plaz am Eenzelzäitfueren mat 34:34,13 min
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Websäit vun der Christine Majerus
- D'Christine Majerus op der Websäit vum Team GSD gestion (fr)
- Christine Majerus, la p'tite soeur des Schleck, Artikel op www.cyclismag.com vum Juli 2008 (fr)
- Christine Majérus reste en blanc, Interview op www.cyclismag.com vum Mäerz 2008 (fr)
Virdrun | Sportlerin vum Joer | Duerno |
---|---|---|
Marie Muller (2012) Jenny Warling (2014) |
2013 2015, 2016, 2017, 2018, 2019 2021 |
Jenny Warling (2014) |
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 Chris Schleimer: "Christine Majerus - Rückblick auf eine außergewöhnliche Karriere. Teil 1: Wie große Geschichten beginnen." tageblatt.lu [€], 08.10.2024.
- ↑ Rich Simon: "D'Christine Majerus seet 'Äddi'." rtl.lu, 15.11.2024.
- ↑ Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 68-69. ISBN 978-2-9599734-5-1
- ↑ (de)Für entthronte Radsportkönigin Christine Majerus geht das Leben auch so weiter. wort.lu (24.06.2024). Gekuckt de(n) 24.06.2024.
- ↑ 5,0 5,1 Lëscht vun de Resultater vun de lëtzebuergeschen Olympioniken op der Websäit teamletzebuerg.lu