Christianne Wickler

lëtzebuergesch Geschäftsfra
(Virugeleet vu(n) Christiane Wickler)

D'Christianne Wickler, gebuer den 21. Februar 1960[1], ass eng lëtzebuergesch Geschäftsfra a fréier Politikerin (déi gréng).

Christianne Wickler
Gebuer 21. Februar 1960
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Entreprener
Partei déi gréng

Si ass Direktesch vun der Geschäftsketten Pall Center vun där den éischten Akafszentrum 1982 zu Uewerpallen vun hirer Famill opgebaut gouf.

Si ass zanter 2013 Presidentin vun der Fédération des femmes cheffes d'entreprise au Luxembourg.

2013 huet si sech bei de virgezunne Chamberwale vum 20. Oktober 2013 als Kandidatin vum Walbezierk Norden op der Lëscht vun Déi Gréng presentéiert an ass, nodeem de Camille Gira Staatssekretär gouf, an d'Chamber 'nogerëtscht'. Mä schonn den 10. Juli 2014 huet si aus berufflechen a familiäre Grënn hiert Chambermandat nees opginn; de Gérard Anzia ass an hirer Plaz nogerëtscht.

Am Mäerz 2021 huet si zesumme mat der Nathalie Meier-Hottua d'Internetplattform Expressis-Verbis gegrënnt, déi dofir kritiséiert gouf, datt se d'COVID-19-Pandemie banaliséiere géif[2]. Nodeem d'Christianne Wickler als Presidentin vun der Cargolux nominéiert gi war, huet si sech bei Expressis-Verbis zeréckgezunn[3],[4].

Si war vun Abrëll 2021[2],[5], als Nofollgerin vum Paul Helminger, bis zu hirer Demissioun am Mäerz 2023[6] Presidentin vum Verwaltungsrot vun der Cargolux.

Referenzen änneren

  1. Christianne Wickler | Paperjam Business Guide. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-02.
  2. 2,0 2,1 "Expressis Verbis - Cargolux-Vorsitzende Christianne Wickler und ihre sehr eigene Interpretation der Corona-Pandemie." tageblatt.lu, 28,. Abrëll 2021.
  3. «Nommée chez Cargolux, je me suis retirée d'Expressis-Verbis». paperjam.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-04.
  4. Online-Plattform: Christianne Wickler huet sech bei Expressis-Verbis zeréckgezunn. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2021-05-04.
  5. Cargolux appoints new Chairman of the Board of Directors - Cargolux. www.cargolux.com. Gekuckt de(n) 2021-05-02.
  6. "Cargolux Verwaltungsrot: Christianne Wickler demissionéiert, Tom Weisgerber wäert iwwerhuelen." rtl.lu, 31.03.2023.