Christian Helmig
De Christian Helmig, gebuer de 17. Mee 1981, ass e lëtzebuergesche Cyclo-Cross - Coureur.[1]
Christian Helmig | |
---|---|
Gebuer | 17. Mee 1981 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Vëlossportler |
Huet matgemaach bei | UCI Europe Tour 2014, UCI Europe Tour 2013, UCI Europe Tour 2012, UCI Europe Tour 2011 |
Sportlech Karriär
ännerenHien ass a senger aktiver Zäit fir Elbowz Racing gefuer an huet zu Dallas (USA) gewunnt.
Zu Lëtzebuerg bei de Landesmeeschterschaften am Cyclocross konnt hien d'Dueller mam Gusty Bausch (2015 an 2016) an och mam Massimo Morabito (2013 an 2014) fir sech entscheeden.
Wéi den Helmig erëm op Lëtzebuerg zeréck koum, ass hien méi Mountainbike gefuer.
Bei de Weltmeeschterschaften zu Bieles am Joer 2017, huet den Helmig säi sportlechen Abschied gefeiert. Well e Konkurrent bei enger Chute säin Derailleur beschiedegt hat, konnt den Helmig do awer kee Resultat erausfueren.[2]
Palmarès
änneren- 2013-2016: 1. bei de Landesmeeschterschaften am Cyclocross
- 2013: 3. Plaz, Zäitfueren, Spiller vun de klenge Länner 2013
- 2013: 1. Plaz, Mountainbike, Spiller vun de klenge Länner 2013
Referenzen
änneren- ↑ De Christian Helmig op 'Le site du Cyclisme' Archivéiert de(n) 2013-01-22. Gekuckt de(n) 2012-01-08.
- ↑ (fr)Bastien, Denis, C’était mieux avant - Christian Helmig : «Mon plus grand rival, c’était Gusty Bausch». Le Quotidien (15.12.2023). Gekuckt de(n) 15.12.2023.