Chrëschtlech Solidaritéit International

D'Chrëschtlech Solidaritéit International (cf. hire Statuten: Christian Solidarity International a.s.b.l.) ass eng lëtzebuergesch ONG an Hëllefsorganisatioun[1], déi 1989 gegrënnt gouf an am Beräich vun der Bildung aktiv ass. CSI ass vum Lëtzebuerger Staat unerkannt an huet an Accord-Cadre mam Ausseministère ofgeschloss, deen 80 % vun de Projetskäschten iwwerhëlt.

CSI Lëtzebuerg ass an zwee complementairë Beräicher aktiv:

  • Entwécklungszesummenarbecht: Bildungsprojete fir marginaliséiert Kanner a Jonker an Entwécklungs- a Schwellelänner;
  • Education au Développement: Sensibiliséierung fir d'Bedeitung vum Accès zu Bildung, virun allem a lëtzebuergesche Primärschoulen.

Entwécklungszesummenaarbecht änneren

Am Laf vun de Joren huet d'CSI Lëtzebuerg verschidden ënnerschiddlech Projeten ënnerstëtzt. Haut läit den Accent an der Projetsaarbecht ganz däitlech am Beräich vun der Bildung, well d'Bildung e positiven Impakt op vill aner Liewensberäicher huet (Ëmwelt, Mënscherechter, Demographie, Gesondheet, Demokratie, asw.) an dozou bäidréit, datt d'Mënschen hiert Potential entwéckele kënnen. Dofir setzt d'CSI Lëtzebuerg sech fir d'Bildung vu benodeelegte Kanner a Jonker an. Am Kader vu verschiddene Projete ginn z. B. Schoule gebaut, Klassesäll frëschgemaach an un d'Bedierfnesser vu behënnerte Kanner ugepasst, Léierpersonal forméiert, Stroossekanner a Flüchtlingskanner alphabetiséiert. Egal wéi ënnerschiddlech d'Projeten och sinn, hiert d'Zil ass ëmmer, de Beneficiairë laangfristeg aus der Aarmut ze hëllefen. Dofir schafft d'CSI bei all hire Projete mat Organisatiounen aus de Partnerlänner zesummen. Déi kennen d'Bedierfnesser an d'Liewenskonditioune vun de Beneficiairen a geréieren de Projet op der Plaz. Am Ament[Wéini ?] huet d'CSI Lëtzebuerg Projeten a 6 Länner: am Ruanda, an der Demokratesche Republik Kongo, an Tansania, am Bangladesch, am Vietnam an an Indien.

"Education au Développement" änneren

Am Kader vun der Education au Développement sensibiliséiert CSI Kanner a lëtzebuergesche fir d'Bedeitung vu Bildung. Dës Sensibiliséierungsaarbecht leeft am Kader vun Atelieren of, an deenen d'Schüler an d'Situatioun vun Analphabete versat ginn an d'Liewens- a Léierkonditioune vu Kanner an Entwécklungslänner kenne léieren. Heiansdo organiséiert CSI och Evenementer, fir de grand Public op d'Bedeitung vum Accès zu Bildung opmierksam ze maachen. D'Zil vun der Education au Développement ass et, zum Nodenken z'animéieren a Pisten ze weisen, ewéi jidderee sech fir eng méi gerecht Welt kann asetzen.

Visioun änneren

„Wir setzen uns dafür ein, dass jeder Mensch sich seiner Würde und der seiner Mitmenschen bewusst wird, dass er sein Potenzial entfalten und zu einer gerechteren, solidarischeren Gesellschaft beitragen kann.“[Source?]

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Hiwäis: CSI zu Lëtzebuerg schafft onofhängeg vun Organisatioune mat dem selwechten oder engem änlechen Numm am Ausland a vertrëtt och net d'Theese vun dëse Vereenegungen.