Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Chiu Chiu ass eng kleng Uertschaft an der Atacamawüst an der Provënz El Lora vun der Región de Antofagasta am Norde vum Chile.

"San Francisco de Chiu Chiu"-Kierch

Op enger Héicht vun 2.525 Meter liewen do eng 320 Awunner.

Geographesches änneren

D'Uertschaft läit 33 Kilometer ëstlech vu Calama an 8 Kilometer nërdlech vu Lasana.

Kolonialkierch änneren

Bekannt ass Chiu Chiu wéinst senger Kolonialkierch San Francisco de Chiu Chiu, déi Ufanks dem 17. Joerhonnert gebaut gouf. D'Baussemauere sinn 1,20 Meter déck an d'Gebai ass ganz aus Leemzille gebaut, déi un der Loft gedréchent goufen.

D'Kierch ass zanter 1951 "Nationaalt Monument".

Chiu Chiu louch op dem nërdlechen Inkawee, dem "Camino del Inca", a war fir déi, déi ënnerwee ware vu Potosi op Cobija eng Plaz fir z'iwwernuechten.

Um Spaweck änneren

Commons: Chiu Chiu – Biller, Videoen oder Audiodateien