Haaptmenü opmaachen
Verschidde Formelduerstellungen vum Benzol-Moleküll.

Eng chemesch Formel beschreift d'Zesummesetzung chemescher Verbindungen a kann Informatiounen iwwer den Opbau enthalen. Eng chemesch Formel enthält ëmmer Daten zu deenen an enger Verbindung enthalene chemeschen Elementen an zum Zueleverhältnes där an der Verbindung virkommenden Deelercher.

Vun de Formelen sinn d'[Elementsymbol]]er z'ënnerscheeden: H fir Waasserstoff, Mg fir Magnesium, N fir Stéckstoff. Verbannen sech zwee oder méi Atomer vum selwechten Element zu engem Moleküll, da gëtt dat nees erëm duerch eng (Moleküll-) Formel gekennzeechent: H2 fir Waasserstoff, N2 fir Stéckstoff, O3 fir Ozon.

Et ginn verschidde chemesch Formelen ënnerscheet:

  • Verhältnesformel: Si setzt sech aus Elementsymbolen a klengen, déifgestallten Zuelen (Indizes) zesummen a gëtt nëmmen d'Verhältnes zréck, an deem déi eenzel chemesch Elemente an enger chemescher Verbindung enthalen sinn. Dobäi ginn ganzzueleg Verhältneszuele benotzt.
Beispill: D'Verhältnesformel fir Benzol ass C1H1, d'Verhältnesformel vun Aluminiumsulfat ass Al2O12S3.
  • Zommeformel: D'Zommeformel gëtt jee d'Zuel vun den Atome vum chemeschen Element un, déi an enger Verbindung enthale sinn. Bei Moleküllen gëtt domat och déi tatsächlech Heefegkeet vun den Atome verschiddener Elemente am Moleküll uginn. D'Zommeformelen vu Salze entspriechen an der Reegel hire Verhältnesformelen, ginn awer meeschtens a Form vun Formeleenheeten uginn, déi de Stöchiometrie vun der Verbindung erfëllen.
Beispill: D'Zommeformel fir Benzol ass C6H6, d'Zommeformel (Formeleenheet) vun Aluminiumsulfat ass Al2(SO4)3.
  • Strukturformel: D'Strukturformel gëtt, nieft der Zuel vun de verschiddenen Atome an engem Moleküll, och deenen hir Andeelung zoueneen zréck, dat heescht, si gëtt och Infoe iwwer d'Aart vun den Atome an d'Aart vun hire Verbindungen (Bindungen), eventuell och iwwer Bindungswénkel a Bindungslängten. D'Buchstawe stinn fir eenzel Atome. E Strich entsprécht engem Elektronenpuer, dat an enger Elektronewollek/Orbital virläit an entweder d'Bindung tëscht Atomen ausmécht oder e sougenannten fräit Elektronepuer ass. Zwee parallel Stricher bedeiten entspriechend eng duebel Bindung.
  • Kristallchemesch Strukturformel: Si ass eng speziell Formelschreifweis, déi an der Mineralogie fir méi komplex chemesch Verbindungen benotzt gëtt. D'kristallchemesch Strukturformel baséiert op der Zommeformel, sortéiert d'Bestanddeeler awer no Kationen an Anionen souwéi der strukturellen Positioun vun den Anionen.
Beispill: D'Zommeformel fir Fluorapatit ass Ca5(PO4)3F, d'kristallchemesch Strukturformel dogéint Ca5[F|(PO4)3], well d'Anion Fluor net mam Phosphatkomplex verbonnen ass, mä nëmme mat dem Kation Calcium. Fluor ass entspriechend vum restlechen Anionenverband ofgetrennt an an d'Géigend vum Kations geréckelt.

D'Benotze vun den eenzele Formeltypebezeechnungen ass net ëmmer eenheetlech gereegelt a vill Bezeechnungen ginn synonym gebraucht. Strukturformelen ginn haaptsächlech fir d'Beschreiwung vu Molekülle benotzt. Allerdéngs gëtt eng Strukturformel och fir d'Beschreiwung vun Ionen an Kristaller benotzt, well d'Ionen an den Ionenkristaller och "strukturéiert" sinn. Eng fir salzaarteg Substanze gebrauchte Formel sollt als Formeleenheet bezeechent ginn, net als Strukturformel oder Zommeformel. Déi tatsächlech Struktur vun enger salzaarteger Verbindung gëtt eréischt duerch seng Kristallstruktur gekläert.

Weider DuerstellungsméiglechkeetenÄnneren

Um SpaweckÄnneren