D'Chavela Vargas, gebuer de 17. Abrëll 1919 zu San Joaquín de Flores, Costa Rica, a gestuerwen de 5. August 2012 zu Cuernavaca, Mexiko, fir richteg Isabel Vargas Lizano, war eng mexikanesch-costa-ricanesch Sängerin vun den traditionelle mexikanesche Rancheras, déi gewéinlech vu Männer gesonge goufen. Si hat eng markant déif, rau Stëmm.

Chavela Vargas
D'Chavela Vargas (2009)
Gebuer 17. Abrëll 1919
Gestuerwen 5. August 2012
Cuernavaca
Doudesursaach Otemnout
Nationalitéit Mexiko
Aktivitéit Stroossekënschtler, Sänger, Museker, Filmschauspiller, Discographesche Kënschtler

Liewen änneren

D'Chavela Vargas koum mat 14 Joer a Mexiko. An den 1950er Joren huet si ugefaangen, professionell ze sangen an ass laang mam bekanntste Ranchera-Sänger a -Komponist vu Mexiko, dem José Alfredo Jiménez opgetrueden. 1961 huet d'Vargas hir éischt Plack erausbruecht; eng 80 aner sinn an de Joren duerno nokomm. 1979 huet si sech provisoresch aus dem Musek-Business zeréckgezunn an zu Cuernavaca gelieft.

Si huet 1990 am Werner Herzog sengem Film Schrei aus Stein eng Indianer-Fra gespillt, an de Pedro Almodóvar huet Lidder vun hir am Soundtrack vu senge Filmer Tacones lejanos (1991) a La flor de mi secreto agebaut. 1993 huet d'Chavela Vargas a Spuenien bannent engem Dag zwee nei Albumen opgeholl, an 1994 en drëtten. Duerno huet si eng Concertstournée gemaach.

Fir de Film Frida huet si ë. a. hire Klassiker Paloma Negra nei opgeholl. An enger Zeen mam Salma Hayek huet si den Doud gespillt. D'Vargas soll als jonk Fra selwer eng Affär mat der Molerin Frida Kahlo gehat hunn. An engem Tëleesinterview huet si 2000 bekannt gemaach, datt si homosexuell wier.

2003, am Alter vun 83 Joer, ass d'Chavela Vargas an der New Yorker Carnegie Hall opgetrueden.

2007 koum den Album Cupaima eraus, 2010 ¡Por mi culpa! an 2012 La Luna grande, en Hommage un de Federico García Lorca.

Um Spaweck änneren

Commons: Chavela Vargas – Biller, Videoen oder Audiodateien