Charles Manson

amerikanesche Kriminellen

Den Charles Milles Manson, gebuer den 12. November 1934 zu Cincinnati, am Ohio, a gestuerwen den 19. November 2017 zu Bakersfield, a Kalifornien, war en US-amerikanesche Kriminellen. Hie war de Leader vun der sougenannter Manson Family, enger Hippie-Kommunautéit, an der Géigend vu Los Angeles,déi wéi eng Sekt fonktionéiert huet.

Charles Manson
Gebuertsnumm Charles Milles Maddox
Gebuer 12. November 1934
Cincinnati
Gestuerwen 19. November 2017
Bakersfield
Doudesursaach Déckdaarmkriibs
Nationalitéit USA
Educatioun National Training School for Boys,
Pasadena City College
Aktivitéit Kriminellen, Sektechef, Seriemäerder, Museker

D'Manson Family gouf 1969 weltwäit bekannt, wéi d'Sharon Tate, de Leno a Rosemary LaBianca a véier aner Leit vu Membere vun der Manson Family ëmbruecht goufen. De Manson hat déi Muerde kommandéiert, war awer selwer net derbäi, wéi se geschitt sinn. Hie gouf wéinst Komplott fir Muerd zum Doud veruerdeelt a souz, nodeems d'Doudesstrof 1972 a Kalifornien ofgeschaaft gi war, op liewenslänglech am California State Prison zu Corcoran.

Um Spaweck änneren

Commons: Charles Manson – Biller, Videoen oder Audiodateien