De Charles Léon Hammes, gebuer den 21. Mee 1898 zu Faulquemont a gestuerwen den 9. Dezember 1967 an der Stad Lëtzebuerg war e lëtzebuergesche Jurist. Hie war Riichter um Europäesche Geriichtshaff a President vun deem Geriicht.

Charles Léon Hammes
Gebuer 21. Mee 1898
Faulquemont
Gestuerwen 9. Dezember 1967
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Riichter, Affekot

Tëscht 1922 an 1927 war de Charles Léon Hammes Affekot um Barreau zu Lëtzebuerg. Duerno gouf hien Attaché am Justizministère, ier en 1929 zum Magistrat ernannt gouf. Vun 1930-1937 war hie Procureur général adjoint a vun do bis 1945 Riichter um Tribunal d'arrondissement.

Nom Krich gouf de Charles Léon Hammes Riichter op der Cour supérieure de justice.

Hie war vum 26. November 1951 bis den 12. Juni 1953 Member vum Staatsrot.[1]

Hie war ausserdeem ausseruerdentleche Professer op der Universitéit Bréissel, Member vun der Benelux-Kommissioun fir d'Vereenheetlechung vum Droit, President vun der nationaler Kommissioun fir d'Haager Konferenz iwwer internationaalt Privatrecht a President vun der Kommissioun fir Droits-Studien vum Land.

1952-1964 war hie Lëtzebuerger Riichter beim Geriichtshaff vun der CECA, respektiv, vun 1958 un, dem Geriichtshaff vun den Europäesche Communautéiten, a vun 1964-1967 säi President.

Déi lescht zwee Joer war den Hammes och President vun der Cour d'Arbitrage tëscht der EWG an den Afrikaneschen a Maghreb-Staaten. Hien ass zwéi Méint, nodeem e pensionéiert gouf, gestuerwen.

No him benannt änneren

Fir un den Hammes z'erënnere gouf eng Strooss um Kierchbierg, ëstlech vum Geriichtshaff vun der Europäescher Unioun, no him benannt.

Gielercher[2] änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Lëscht vun de Mmebere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot
  2. (fr)Doudesannonce vum Charles-Léon Hammes. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (16. Dezember 1967). Gekuckt de(n) 2023-03-17.