Kapell Notre-Dame de la Résistance

D'Chapelle Notre-Dame de la Résistance ass eng Säitekapell an der Grenzerkierch zu Esch, déi 1982 de Paschtouer Joseph Hansen, selwer Resistenzler, ënner dem Duxall ariichte gelooss huet, fir dem Émile Hulten seng Resistenzmadonna opzestellen.

Erënnerungsplack an der Kapell

Geschichtlechen Hannergrond änneren

  • Den 20. Februar 1941 sinn 19 Scoutscheffen an d'Stad an d'Kathedral gepilgert an hunn do en Dokument hannerluecht mat dem Verspriechen, nom Krich eng Kapell zu Éiere vun der Muttergottes opzeriichten, wa Lëtzebuerg nees fräi an onofhängeg wier. Dëst Versprieche gouf, ronn 40 Joer méi spéit, duerch d'Ariichte vun der Resistenzkapell an der Grenzerkierch ageléist.