Cerimonial Sacred

brasilianesch Unblack-Metal-Band
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Cerimonial Sacred ass eng brasilianesch Symphonic-Black-Metal-Grupp vu Santa Bárbara d'Oeste, déi 1998 gegrënnt gouf. D'Lidder sinn op Englesch[1]. Obwuel se musikalesch dem Black Metal zouzeuerdnen ass, gëtt wéinst hirer chrëschtlecher Lyrik[2] dacks de Begrëff "Unblack Metal" gebraucht.

Dee bekanntsten Album vun der Museksgrupp ass hirem Debut "Our War Is Only Against Hell", deen am Joer 2005 erauskoum[3]. Cerimonial Sacred ass eng vun de wichtegste Gruppe vun der brasilianescher Unblack-Metal-Zeen[4].

D'Grënner vun der Grupp an hir permanent Membere sinn d'Bridder Israel Jorge de Oliveira ("Melancton Samengalef") an "Abissai Darkaliel".

Discographie änneren

  • 2005: Our War Is Only Against Hell (Album)[3]
  • 2015: The Man of Nazareth (Single)
  • 2015: Christ Worshipers (Album)
  • 2017: Eternity Begins Tonight (EP)[2]

Referenzen änneren

  1. https://www.metal-archives.com/bands/Cerimonial_Sacred/54821
  2. 2,0 2,1 https://www.indievisionmusic.com/news/cerimonial-sacred-vision-god-records-releases-eternity-begins-tonight/
  3. 3,0 3,1 Esychia Pneuma. CAMION BLANC: WHITE METAL Du bruit pour l'homme en croix — p. 193 — 2014. ISBN 978-2-35779-499-3
  4. Archive copy Gearchiveerd op 2018-07-03. Gekuckt de(n) 2018-07-07.