Centro Cultural Português no Luxemburgo

De Centro Cultural Portugês no Luxemburgo (ofgekierzt: CCP) ass e portugisescht Kulturinstitut zu Lëtzebuerg.

En ass Deel vum Reseau vum Instituto Camões a gouf de 17. Mee 1999 a Presenz vum portugiseschen Aussenhandelsminister Jaime Gama, dem President vum Instituto Camões, Jorge Couto, an de lëtzebuergesche Kultur- a Familljeministeschen Erna Hennicot-Schoepges a Marie-Josée Jacobs ageweit. De Lëtzebuerger Staat huet d'Raimlechkeeten, deemools nach um Boulevard Royal, zur Verfügung gestallt an e Subside fir d'Ariichtung accordéiert; d'portugisesch Autoritéite si fir den Ënnerhalt, d'Personal an d'Aktivitéite vum CCP verantwortlech.

Den 9. Mäerz 2016 sinn déi nei Raimlechkeete vum CCP op der Place Joseph-Thorn zu Märel an der Stad Lëtzebuerg ageweit ginn. Present waren ënner anerem de Premierminister Xavier Bettel, de Staatssekretär fir Kultur Guy Arendt, de portugisesche Botschafter an d'portugisescher Staatssekretärin fir Aussepolitik Teresa Ribeiro.[1] Architekt war de Jean-Paul Carvalho.[2]

Wëll de Kulturzentrum op Märel geplënnert ass, ass och eng Büst vum portugiseschen Nationaldichter Luís de Camões vu Bouneweg op d'Place Joseph-Thorn verréckelt ginn.[3]

Am CCP ass eng Bibliothéik mat iwwer 3.500 Bicher an 12 Internetposten. An engem Auditoire vun 128 m² gi reegelméisseg Ausstellungen an aner Evenementer organiséiert.[2]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. gouvernement.lu: Xavier Bettel et Guy Arendt ont assisté à l'inauguration du centre culturel portugais Instituto Camões (10. Mäerz 2016)
  2. 2,0 2,1 Presentatioun op instituto-camoes.pt (gekuckt den 19. September 2017)
  3. Luxemburger Wort: Camões muda-se esta semana para Merl (8. Juni 2016)