Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

1989 gouf Celebrity Cruises als selbständeg Reederei fir Croisièrë vun der griichescher Chandris Group gegrënnt an huet sech du séier zu enger éischter Adress am Croisière-Geschäft entwéckelt. Nom éischte Croisièresschëff Meridian goufen, wéinst neien, bei der Meyer-Werft zu Papenburg) gebaute Schëffer (Horizon a Zenith) nei Moosse gesat. Duerno koumen an der Century-Klass, d'Schëffer: Century, Mercury a Galaxy dobäi. Am Joer 1997 ass dunn d'Celebrity vun der Royal Caribbean International iwwerholl ginn. Zesumme si s'elo ënner dem Numm Royal Caribbean Cruise Line Ltd. aktiv. Zur där Flott gehéieren zéng komfortabel an elegant ausstafféiert Schëffer. Véier Neibaute si bei der Meyer-Werft an Optrag. All Schëffer vun där Reederei gehéieren zur Luxus-Klass.

Celebrity Mercury

Aktuell Flott änneren

 
M/V Century

Déi vun der Reederei benotzt Ofkierzunge gi gebraucht fir d'Aart a Weis, wéi d'Schëff ugedriwwe gëtt, ze bezeechnen:

  • M/V steet fir "Motor Vessel" (konventionelle Motor),
  • GTS fir "Gas Turbine Ship" (vun enger Gasturbinn ugedriwwe mat engem baussenzegen Azipod).

D'Celebrity-Schëffer erkennt ee gutt um Reederei-Logo X um Schaarschtech.

Quellen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Celebrity Cruises ships – Biller, Videoen oder Audiodateien