Catherine Wolfe Bruce
D'Catherine Wolfe Bruce, gebuer den 22. Januar 1816 zu New York City an den 13. Mäerz 1900 och do gestuerwen, war eng bekannt US-amerikanesch Ënnerstëtzerin vun der Astronomie.
D'Bruce huet Geld gesponsert fir de Kaf vu ville leeschtungsstaarken Teleskopen, dorënner fir den Harvard College Observatory a fir de Landesobservatoire vun Heidelberg-Königstuhl.
D'Bruce Medal, als Auszeechnung fir besonnesch astronomesch Leeschtungen, gouf no hir genannt.
Zu hirem Undenken gouf en Asteroid (323) Brucia an de Moundkrater Brucia no hir genannt.