Catherine Ringer

franséisch Sängerin a Schauspillerin

D'Catherine Ringer, gebuer den 18. Oktober 1957 zu Suresnes am franséischen Departement Hauts-de-Seine, ass eng Kënschtlerin, déi als Rocksängerin, Instrumentalistin a Pornomodel bekannt gouf.

Catherine Ringer
bei den Eurockéennes den 29. Juni 2007
Gebuer 18. Oktober 1957
Suresnes
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Liddermécher
Member vun Les Rita Mitsouko
Famill
Bestuet mat Fred Chichin
Kanner Ginger Romàn

Si ass d'Meedche vun engem Moler mat polneschen Originnen an enger Mamm, déi sech mat Architektur beschäftegt huet. Dat jonkt Catherine verléisst mat 13 Joer seng Famill, fir mat hirem Amant zesummenzeliewen. No engem kuerzen Openthalt an enger Universitéit fänkt hatt un, sech fir Theater, Danz a Gesank z'interesséieren.

Tëscht 1976 an 1982 schléit d'Catherine Ringer sech mat Rollen a Pornofilmer a Pornohefter duerch. Eng Koprophagie-Fotoserie 1978 an der Nummer 2 vun der schweedescher Pornozäitschrëft Pirate bréngt et mat sech, datt si am Michel Denisot senger Sendung Zénith op Canal+ vum Serge Gainsbourg "pute" genannt gouf.

1979 léiert si de Frédéric Chichin kennen, mat deem si vun 1980 bis zum Doud vum Chichin, 2007, als Les Rita Mitsouko opgetrueden ass, a grousse Succès hat.

Um Spaweck änneren

Commons: Catherine Ringer – Biller, Videoen oder Audiodateien