Catherine (Virnumm)

weibleche Virnumm
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem weibleche Virnumm. Fir aner Bedeitungen dovun, kuckt wgl. Catherine.

Catherine ass déi franséisch Variant vun engem weibleche Virnumm.

Catherine
Portrait vun der Nummpatréinesch, der Hl Catherine
Geschlecht weibleche Virnumm
Namensdag 25. November
Ursprong
Sprooch (gr) Aikaterina (Αικατερίνα)
Genannt no Catherine vun Alexandria
Varianten
Alternativen Katharina, Katisch, Katräin, Katréng, Katrin(chen)‚ Katring. Katt(i). Kätt(i), Ketti(-y), Karin, Trinn(y)
Anert Geschlecht Catherin
Änleche Familljennumm Catherine

Ursprong a Bedeitung vum Numm änneren

Den Numm kënnt ursprénglech vum griichesche Persounennumm Aikaterina ((gr) Αικατερίνα). D'Etymologie ass ëmstridden: E kéint vum Wuert hekateros hierkommen („allebéid“) oder sech oder op déi griichesch Gëttin Hekate bezéien.

An Europa ass dee Virnumm wäit verbreet a geet meeschtens op d'Nummpatréinesch Catherine vun Alexandria, déi eelst a bekanntst vun den Hellege Catherinen, zeréck.

Varianten an Ofkierzungen änneren

Varianten am Lëtzebuergesche sinn: Katharina, Katisch, Katräin, Katréng, Katrin(chen)‚ Katring. Katt(i). Kätt(i), Ketti(-y), Karin, Trinn(y)[1][2]. An anere Sprooche gëtt et eng sëllege Varianten, sou wéi och an hiren Diminutiv- oder Affektivformen.

Catherine gëtt et och als Suffix an zesummegesate Virnimm, absënns Anne-Catherine oder Marie-Catherine.

An anere Sproochen änneren

An anere Sproochen entsprécht Catherine:

Diminutivformen änneren

Nieft de Lëtzebuergesche Variante Kätt, Kätty (Ketti, Ketty), Kättchen, Triny, Trinchen, asw. gëtt et ë. a.:

  • (de)Käthe
  • (en)Katie, Kate, Kitty
  • (fr)Cath, Cathy, Cathie, Catou
  • (pl)Kasia
  • (ru)Katya, Katja, Katjuscha, Katjuschenka, Katinka

Leit mam Virnumm… änneren

Catherine änneren

mat Variante vu Catherine änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (de)„Katräin, Katréng, Katrin, Katring“. Luxemburger Wörterbuch, digitalisierte Fassung im Wörterbuchangebot der Universität Luxemburg, Department of Humanities. Gekuckt de(n) 06.10.2023.
  2. (lb)Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch - Virnimm. www.actioun-letzebuergesch.lu. Gekuckt de(n) 06.10.2023.