Caterpillar 775E
De Caterpillar 775E ass ee sougenannten Off-Highway-Truck oder Dumper, dat heescht e Schwéierlaaschtcamion, deen net op der ëffentlecher Strooss däerf fueren.
Et ass ee Camion deen haaptsächlech a Minièren am Dagbau benotzt gëtt fir Ofraummaterial ze deplacéieren, a fir d'Mineralien, déi notzbar sinn, bei de Briecher a bei d'Sënneranlagen ze transportéieren.
De 775E an Zifferen
änneren- Motor 12 Zylinder V: CAT 3412E
- Motorleeschtung: 567 kW
- Maximalen Dréimoment: 3 447 Nm
- Hubraum: 27 000 ccm
- Gewiicht eidel: 30 400 kg
- Maximalgewiicht: 108 400 kg
- Längt ouni Virbau: 9,200 m
- Breet mat Spigelen: 5,076 m
- Héicht (eidel): 4,410 m
- Héicht mat gekippter Këscht: 8,796 m
- Héchstvitesse: 65,8 km/h
- Mazoutstank: 700 Liter