Karriären an der Police grand-ducale

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.


D'Police grand-ducale ass eng Verwaltung, an där d'Polizisten nach de Militärstatut[1] hunn. Dëse soll hinnen allerdéngs mam Projet de loi N° 7040 oferkannt ginn, deen d'Aféierung vun engem eegenen disziplinaresche Regime fir d'Beamte vum cadre policier virgesäit[2]. Et gëtt 3 verschidde Karriären:

  • Cadre supérieur (virdrun Offizéier)
  • Inspecteur (virdrun Ënneroffizéier)
  • Brigadier (virdrun Agent/Gendarm)

D'Déngschtgrade sinn déi follgend (an de Klameren déi al Denominatioun vun de Grade vu Police a Gendarmerie grand-ducale):

Karriär supérieure änneren

  • Directeur général (Generol): 2 Zweig & 1 Stär
  • Directeur général adjoint (Colonel): 1 Zweig & 1 Stär
  • 1er commissaire divisionnaire (Lieutenant colonel): 2 Strécher & 2 Stären
  • Commissaire divisionnaire (Major): 2 Strécher & 1 Stär
  • Commissaire divisionnaire adjoint (Capitaine): 1 Stréch & 3 Stären
  • 1er commissaire principal (Lieutenant en premier): 1 Stréch & 2 Stären
  • Commissaire principal (Lieutenant): 1 Stréch & 1 Stär

Karriär de l'inspecteur änneren

  • Commissaire en chef (Commissaire / Adjudant-chef): 1 Wénkel & 3 Stären
  • Commissaire (Inspecteur-chef / Adjudant): 1 Wénkel & 2 Stären
  • Inspecteur chef (Inspecteur / Maréchal des logis chef): 1 Wénkel & 1 Stär
  • 1er inspecteur (Brigadier chef / Maréchal des logis): 3 Wénkelen
  • Inspecteur (1er brigadier): 2 Wénkelen
  • Inspecteur adjoint (Brigadier): 1 Wénkel

D'Déngschtgrade si sëlwer op donkelbloem Fong fir d'Karriär supérieure an d'Inspecteuren. Fir d'Brigadiere sinn d'Graden hellblo op donkelbloem Fong.

Karriär du brigadier änneren

  • Brigadier chef (1er agent en chef / 1er gendarme en chef): 4 Wénkelen
  • Brigadier principal (Agent en chef / Gendarme en chef): 3 Wénkelen
  • 1er brigadier (1er agent / 1er gendarme): 2 Wénkelen
  • Brigadier (Agent / Gendarme): 1 Wénkel

Dobäi kommen d'Déngschgrade vun de Policestagiären:

  • Fir de Stagiär aus dem Cadre supérieur gëtt de selwechte Grad wéi dee vum Commissaire principal benotzt.
  • Fir d'Inspekteren ass et jeeweils 1 oder 2 giel Wénkelen (no ënnen) oder 1 giele Wénkël (no uewen) fir d'Stagiären aus der Arméi.
  • Fir d'Brigadieren ass et e méi dënne giele Wénkel.

D'Stagiärwénkele fir Inspekter a Brigadier hunn d'Opschrëft ECOLE.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Loi du 16 avril 1979 ayant pour objet la discipline dans la Force Publique.
  2. 7040 - Projet de loi relatif au statut disciplinaire du personnel du cadre policier de la Police grand-ducale