De Carl Zeiß, méi spéit Carl Zeiss, gebuer den 11. September 1816 zu Weimar, a gestuerwen den 3. Dezember 1888 zu Jena, war en däitsche Mecanicien a Produzent vun optesche Lënsen. Hien huet d'Firma Carl Zeiss Jena gegrënnt, déi haut nach als Carl Zeiss AG existéiert a virufiert, optesch Apparater ze produzéieren.

Carl Zeiss
Gebuer 11. September 1816
Weimar
Gestuerwen 3. Dezember 1888
Jena
Educatioun Friedrich-Schiller-Universitéit
Aktivitéit Entreprener, Fotograf, Physiker, Ingenieur
E Mikroskop vum Carl Zeiss (1879).

An den 1840er Joren huet de Carl Zeiss zu Jena seng Karriär als Lënseschlëffer ugefaangen. Am Ufank goufe se nëmme fir Mikroskoper benotzt, ma mat der Entwécklung vun der Fotografie huet de Carl Zeiss ëmmer méi och qualitativ héich Lënse fir Fotoapparater gebaut.

1886 huet hie mam Physiker Ernst Abbe a mam Glasmécher a Cheemiker Otto Schott zesummegeschafft, fir eng nei Zort Glas z'entwéckele fir Mikroskoper, mat engem sougenannten apochromateschen Objektiv.

Literatur

änneren
  • Auerbach, Das Zeisswerk und die Carl Zeiss-Stiftung in Jena (3. Oplo Jena 1907)

Um Spaweck

änneren
Commons: Carl Zeiss – Biller, Videoen oder Audiodateien