Cariñena ass eng vun de véier Wäibauregiounen an Aragonien a Spuenien déi eng Denominación de origen (DO) hunn. Si läit an der Provënz Saragossa südwestlech vun der Haaptstad vun der Provënz. Den Zentrum ass d'Uertschaft Cariñena.

D'Denominación de origen gouf fir d'lescht reglemetéiert duerch e Ministerialreglement vun 2002.[1]

Cariñena ass eng vun den eelsten Appelatioune vu Spuenien. Si huet enger Riefzort hiren Numm ginn Cariñena, déi a Frankräich Carignan genannt gëtt, obschonn déi Zort nëmmen 1,5 % vun der Produktioun an där Appellatioun ausmécht.

D'Wéngerte stinn op enger Héicht tëscht 400 an 800 Meter, op verschiddene Biedem, an d'Klima ass kontinental.

D'Wäiner aus där Géigend si meeschtens jonk rout Wäiner, et gëtt awer och Wäisser a Rosé. E klengen Deel gëtt gebraucht fir Cavawäiner ze maachen.

Riefzorten änneren

Wäiss Wäiner     Rout Wäiner
Macabeo
Garnacha blanca
Parellada
Chardonnay
Moscatel de Alejandria
    Carineña
Garnacha tinta
Mazuela
Tempranillo
Juan Ibáñez
Monastrell
Cabernet Sauvignon
Merlot
Syrah

Referenzen änneren

  1. (es)ORDEN APA/2351/2002, de 11 de septiembre, por la que se ratifica la modificación del Reglamento de la Denominación de Origen «Cariñena» y de su Consejo Regulador.