Canon EOS 400D

digitalen Fotoapparat

De Canon EOS 400D gehéiert zu de Canon EOS Digital-Fotoapparaten. Chronologesch ass et den Nofollger vum Canon EOS 350D.

De 400D mat enger Batteriekëscht an ausgeklapptem Blëtz
Den Apparat vun hannen

Den Numm änneren

De Modell heescht an Nordamerika Canon EOS Digital Rebel XTi an a Japan Canon EOS Kiss Digital X.

De Verglach mam 350D änneren

  • Den EOS 400D huet e 10,1-Megapixel-Sensor, an enger Gréisst vu 14,8 op 22,2 Millimeter mat 3888 x 2592 Pixelen.
  • Vun der Canon EOS 30D gouf en 9-Punkt Liichtmiessungssystem iwwerholl, den 350D hat der siwen.
  • En 2,5 Zoll Moniteur mat 250.000 Pixelen, den 350D hat zwéin Displayen, ee vun 1,8" mat 115.000 Pixelen an en anere fir d'Astellungen unzeweisen.
  • E Mechanissem fir beim Ofschalte Stëbs vum Sensor erofzerëselen, de sougenannten EOS Integrated Cleaning System.
  • En Histogramm fir RGB-Kanäl, deen et erlaabt, d'Faarwe virum Ophuele vun der Foto besser anzeriichten.

Um Spaweck änneren

Commons: Canon EOS 400D – Biller, Videoen oder Audiodateien