Canal du Midi

Canal du Midi
Tracé vum Kanal
Tracé vum Kanal
Land Flag of France.svg Frankräich
Ufank Toulouse
Canal de Brienne
Canal latéral à la Garonne
Enn Marseillan
Étang de Thau
Eegenschaften
Aktuelle Statut a Betrib
Längt 241 km
Héicht Ufank 135 m
Héicht um Scheet 193 m
Héicht Enn 0 m
Gabarit Reduzéierte Freycinet
Déifgank 1,20 m
Fräi Héicht 3,10 (am Gabarit 5,50: 2,40) m
Infrastrukturen
Schleisen 86[1]
Schëffslifter Pente d'eau vu Fonserannes
(net méi a Betrib)
Tunnellen Tunnel du Malpas
Kanalbrécken 8
Sécherheetspaarten ± 30 [2]
Aner Konstruktiounen Iwwerlaf um Argent-Double
Iwwergank um Libron
Niewekanäl Canal de jonction > Canal de la Robine
Hérault (Branche Sud)
Herault (Branche Nord)
Geschicht
Bau 1666 - 1681
Héichteprofil vum Kanal
Héichteprofil vum Kanal

De Canal du Midi ass e Kanal a Frankräich, deen Toulouse mat Marseillan an dann iwwer den Étang de Thau mat Sète verbënnt, wou en Uschloss un de Kanal vum Rhône op Sète huet.

De Kanal bei Colombiers.

E gouf am 17. Joerhonnert gebaut an huet dunn als dee gréisste Schantje vu Frankräich gegollt. Am Ufank housch e Canal royal en Languedoc; säin haitegen Numm krut e bei der Franséischer Revolutioun. Am 19. Joerhonnert krut en zu Toulouse Uschloss un de Canal latéral à la Garonne, dee laanscht d'Garonne bis op Bordeaux, an domat bis bei den Atlantik geet. Déi zwéi Kanäl zesumme ginn och alt Canal des Deux-Mers genannt.

E gouf vum Pierre-Paul Riquet entworf, an tëscht 1666 a 1681 ënner senger Opsiicht gebaut.

En ass 241 km laang a geet duerch d'Departementer Hérault, Aude an Haute-Garonne. Et ass e Scheetkanal deem säi Scheetbaseng mam Hafe vu Ségala op enger Héicht vun 193 m um Seuil de Narouze, 51,6 km (Écluse de l'Océan) vun Toulouse, resp. 184 km (Écluse de la Méditerranée) vu Marseillan ewech ass. E gouf an den ënneschten Deeler am Freycinet-Gabarit gebaut, wat haut der CEMT-Klass 1 fir Schëffer entsprécht. D'Schleisen um mëttelsen Deel tëscht der Écluse du Sanglier an der Écluse d'Argens goufen alledéngs an engem reduzéierte Gabarit mat Längte vun 30,00 m a Breete vu 5,60 m a 5,45 m fir déi vu Saint-Martin gebaut. Den Déifgank ass 1,20 Meter.[3]

De Canal du Midi ass ee vun den eelste Kanäl an Europa, deen haut nach a Betrib ass. E gouf 1996 op d'Lëscht vun de Weltkulturierfschafte vun der Unesco agedroen. Ausser datt de Kanal op der Unescolëscht steet, stinn eng Hellewull Gebaier an aner Konstruktiounen um a laanscht de Kanal op der Lëscht vu geschützte Monumenter a Frankräich.

E gëtt haut just nach vu Fräizäitschëffer benotzt.

LiteraturÄnneren

  • L.T.C. Rolt: From sea to sea. The Canal du midi. Allen Lane, London 1973, ISBN 0-7139-0471-2.
  • Jean-Denis Bergasse: Le Canal du Midi. 4 volumes. Vol I: Pierre-Paul Riquet et le Canal du Midi dans les arts et la littérature. Vol. II: Le Canal du Midi – trois siècles de batellerie et de voyages. Vol. III: Le Canal du Midi – des siècles d'aventure humaine. Vol. IV: Le Canal du Midi – grands moments et grands sites; les canaux de Briare et du Lez-Roissy. Cessenon: Bergasse, 1982–1985.
  • Jacques Morand: Der Canal du Midi und Pierre-Paul Riquet. Die Geschichte des „Canal royal en Languedoc“. Edisud, Aix-en-Provence 1993, ISBN 2-85744-850-3.
  • Michel Cotte: Le Canal du Midi – „Merveille de Europe“. Belin-Herscher, 2003, ISBN 2-7011-2933-8.
  • Bernd-Wilfried Kießler: Canal du Midi. 5. Auflage 2008, Verlag Edition Maritim, Hamburg, ISBN 3-89225-172-X.
  • Chandra Mukerji: Impossible Engineering. Technology and Terrioriality on the Canal du Midi. Princeton 2009, ISBN 978-0-691-14032-2.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Canal du Midi – Biller, Videoen oder Audiodateien

ReferenzenÄnneren

  1. dëst ass d'Zuel vun de Schleisekummeren
  2. mussen nach genee nogezielt ginn
  3. Fluviacarte