Haaptmenü opmaachen

De Camille Dennemeyer (Pseudonym: Heinrich Zerbst), gebuer den 13. Januar 1896 zu Diddeleng a gestuerwen de 7. Juni 1945 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Journalist, Schrëftsteller a politeschen Aktivist.

Camille Dennemeyer
Pierre Blanc, Camille Dennemeyer (1920)-101.jpg
Pseudonym Heinrich Zerbst
Gebuer 13. Januar 1896
Diddeleng
Gestuerwen 7. Juni 1945
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist, Schrëftsteller, Aktivist
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Inhaltsverzeechnes

BiographieÄnneren

De Camille Dennemeyer, dee fréi seng Eltere verluer hat, huet 1914, am Alter vun 18 Joer, Artikelen iwwer d'Chrëschtdagsfeier an d'Technik vun den U-booter am Luxemburger Wort verëffentlecht. Am Abrëll 1915 huet hie Lëtzebuerg verlooss an huet zu Oelpe am Ruhrgebitt an der Redaktioun vun enger kathoulescher Zeitung geschafft[2].

1918 ass hien an Uewerschlesien geplënnert, wou hie Chefredakter vum Oberschlesischer Kurier gouf. Am Juni 1918 gouf hien zu Krakau wéinst Spionageverdacht festgeholl a koum an de Prisong zu Wien. Wéi hien den 8. November 1918 fräi koum, ass hien op Lëtzebuerg zréckkomm, wou en auserhéngert an a schlechtem kierperlechen Zoustand ukoum. Kuerz duerno huet hien d'Land erëm verlooss fir zréck a Schlesien ze goen, wou hie sech am Freikorps Schlesien engagéiert huet, deen d'Grenz vum Däitsche Räich am Oste géint d'Russen an d'Pole verdeedege sollt[2]. Nom Enn vum Éischte Weltkrich, koum hien nees zréck op Lëtzebuerg, wou hien 1920 e Buch iwwer seng Erliefnesser mam Bolschewismus publizéiert huet (Im Höllenrachen des Bolschewismus). Duerno huet hien an Däitschland gelieft, wou hien awer 1936 aus onbekannte Grënn ausgewise gouf an duerno a Bulgarien gelieft huet[1].

1938 koum de Camille Dennemeyer op Lëtzebuerg zréck, wou hie Redakter an der Obermosel-Zeitung gouf. 1940, kuerz no der Invasioun vu Lëtzebuerg duerch Nazi-Däitschland, huet hie sech an der Volksdeutschen Bewegung (VdB) engagéiert. Hien huet dës Organisatioun fir e puer Méint als Organisations- und Landesleiter zesumme mam Damien Kratzenberg (Landesleiter) geleet[2]. Hien huet Naziriede gehalen an Ortsgruppen uechter d'Land gegrënnt[2]. Säin Optrieden a seng Riede mat klassekämpfereschem Hannergrond goungen de Besatzer géint de Stréch. Den 2. September 1940 gouf hien ofgesat an den 13. September 1940 gouf hie vun der Gestapo festgeholl, koum fir kuerz Zäit an de Prisong zu Tréier an duerno an den Arbeitsdienst zu Wittlich op de Chantier vum Bau vun der Autobunn. An der Press war iwwer hien ze liesen: Sauberkeit und Ordnung in der Volksdeutschen Bewegung - Entfernung eines politischen Hochstaplers[2]. Nodeems hie wéinst senger schlechter Gesondheet zu Wittlich entlooss gouf, huet hien zu Lëtzebuerg als Lokalredakter fir d'Metzer Zeitung geschafft[1].

No der Liberatioun koum hie wéinst senger Kollaboratioun mat der Besatzungsmuecht zu Lëtzebuerg an de Prisong. D'Unio'n vun de Fräiheetsorganisatiounen huet sech fir seng Fräiloossung agesat, déi am Abrëll 1945 effektiv gouf[2]. Hien ass zwéi Méint duerno gestuerwen.

Publikatiounen (Auswiel)Änneren

BicherÄnneren

  • Dennemeyer, Camille. (1919). Hinter österreichischen Kerkermauern : Selbsterlebtes eines Luxemburger Journalisten. Luxemburg: P. Worré-Mertens.
  • Dennemeyer, Camille. (1920). Im Höllenrachen des Bolschewismus : Die Memoiren meiner Soldatenratszeit. Luxemburg: P. Worré-Mertens.

ArtikelenÄnneren

LiteraturÄnneren

Referenzen an NottenÄnneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Luxemburger Autorenlexikon
  2. 2,0 2,1 2,2 2,3 2,4 2,5 H. Wehenkel, 2014.