Camauro ass eng rout samete Mutz mat engem wäisse Bord aus (Hermelin-)Pelz déi zanter dem Mëttelalter vun de Peepst baussent der Liturgie gedroe gouf, net zoulescht géint d'Keelt. Bis 2005 war de Johannes XXIII. de leschte Poopst deen eng Camauro gedroen huet.

De Poopst Clemens IX. mat enger Camauro
De Benoît XVI huet d'Mutz nees zu Éiere bruecht

Den Numm ass eng italieenesch Variant vum laténgesche camelaucun, dat sengersäits vum griichesche kamelaùchion hierkënnt, wat Berri aus Kaméillieder heescht. Am mëttelalterleche Latäin housch déi Mutz Camauru(m).

Den 21. Dezember 2005 huet de Benoît XVI. se nees ugedoen. D'Associatioun mam Weihnachtsmann, déi sech sou kuerz viru Chrëschtdag opdrängt, däerft - aus wéi enge Grënn och ëmmer - net ongewollt gewiescht sinn.

Um Spaweck änneren

Commons: Camauro – Biller, Videoen oder Audiodateien