Dësen Artikel aus dem Theaterberäich an aus dem Drama ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem algriichesche Schauspiller. Fir den algriichesche Leefer, kuckt wgl. Callippides (Leefer).

De Callippides vun Athen, och just de Callippides (op Algriichesch: Καλλιππίδης) war en algriichesche Schauspiller, deen an der Zäit vum Alkibiades (zweeten Deel vum 5. Joerhonnert v. Chr.) aktiv war[1].

Callippides vun Athen
Gebuer 5. Joerhonnert v. Chr. jul.
Gestuerwen onbekannt
Aktivitéit Theaterschauspiller

Hie war e bekannten atheneschen Tragedieschauspiller. De Callippides vun Athen war bekannt duerch seng Rolle mat Imitatioune vun Zeenen aus dem reelle Liewen. Hien huet seng Aktiounen a seng Mimik sou op d'Pëtzt gedriwwen, datt e schlussendlech e Spottobjet gouf a Spëtznimm "Den Af" (grc: Πίθηκος)[1],[2] oder "De Clown" (grc: Δεικηλιστής) krut[3].

De Callippides war warscheinlech de Prototyp vum Haaptpersonnage aus dem Kaméidistéck Callippides vum Strattis[1],[4],[5].

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 https://quod.lib.umich.edu/m/moa/acl3129.0001.001/589?rgn=full+text;view=image;q1=Callippides
  2. Mary Beard. Laughter in Ancient Rome: On Joking, Tickling, and Cracking Up - S. 263 - Univ of California Press, 2015 - ISBN 978-0-520-28758-7
  3. Giulio Colesanti, Manuela Giordano. Submerged Literature in Ancient Greek Culture: An Introduction - S. 133 - Walter de Gruyter GmbH & Co KG, 2014 - ISBN 978-3-11-033396-1
  4. Niall W. Slater. Spectator Politics: Metatheatre and Performance in Aristophanes - S. 36 - University of Pennsylvania Press, 2002. - ISBN 0812236521
  5. Ian C. Storey. FRAGMENTS OF OLD COMEDY, Vol. 3 - S. 236 - Harvard University Press, 2011 - ISBN 978-0-674-99677-9