D'CFL 800 war eng Serie vu sechs dieselelektresche Lokomotiven déi d'CFL 1954 ugeschaaft hat. Se waren haaptsächech am Rangéierdéngscht an der Minettsgéigend aktiv a goufe just geleeëntlech fir d'Tractioun vu Gidderzich agesat. Wéi 1982 déi nei Rangéiergare vu Beetebuerg a Betrib geholl gouf, goufen déi meescht dervun do beschäftegt.

CFL 800
Déi restauréiert 804 an der Gare vu Lëtzebuerg am Oktober 2013
Nummeréierung: 801-806
Stéckzuel: 6
Constructeur: AFB vu La Croyère
Baujoer: 1954
Achsefolleg: Bo'Bo'
Gewiicht: 74 to
Längt i.P.: 13,795 m

Se ware vun 801 bis 806 numeréiert. Speziell un där Lokomotiv ass, datt et dee Modell an Europa nëmmen um lëtzebuergeschen Eisebunnsnetz gouf.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: CFL 800 – Biller, Videoen oder Audiodateien