D'CFL- Serie 450 war eng Serie vu fënnef klengen Diesellokomotive fir de Rangéierdéngscht déi d'CFL 1952 bei Klöckner-Humbold-Deutz bestallt hat. Den Devis fir déi fënnef Lokomotive louch bei 1.228.562,91 Mark.

CFL 450
Déi restauréiert 455 an der Gare vu Lëtzebuerg am Oktober 2013
Nummeréierung: 451-455
Stéckzuel: 5
Constructeur: Klöckner-Humboldt-Deutz
Baujoer: 1953
Bauaart: C-dh
Gewiicht: 48 to
Längt i.P.: 9,450 m
Breet: 3,100 m
Héicht: 3,680 m
Leeschtung: 450 PS
Transmissioun: hydraulesch
Dreifrad ⌀: 1100 mm
Héchstvitess: 35,0 km/h (Rangéiergang)
51,5 km/h (Streckegang)

Als Modell gouf eng Lokomotiv aus der Baurei V 36 vun der däitscher Bundesbahn geholl. Dat ware Lokomotiven déi vun 1938 un vun der Wehrmacht bestallt goufen a vun deenen eng ronn 300 Stéck als Baurei WR 360 C 14 produzéiert goufen. Nom Krich huet MaK nach 32 där Lokomotiven un d'Bundesbahn geliwwert.

D'Lokomotiven déi vun Deutz fir Lëtzebuerg gebaut goufen, ware liicht ëmgeännert ginn. Amplaz vum 360-päerdege Motor bei der Bundesbahn hat s'ee V6 M536 vun Deutz mat 450 Päerd. Si war och am Ganzen e bësselche méi laang (25 cm), de Motorvirbau war 10 cm méi héich, an d'Këscht vum Chauffer war méi laang. Se goufen am Laf vum November an Dezember 1953 geliwwert. Eng Maschinn gouf op Gare Ettelbréck attachéiert, déi zweet op Péiteng an déi aner dräi blouwen an der Stater Gare. Si ware virun allem fir e liichte Rangéierdéngscht geduecht, woubäi déi Ettelbrécker Lok och liicht Gidderzich op der Sauerstreck gezunn huet. Am Persouneverkéier gouf se just heiansdo op der Atertlinn gesinn wann Ersatz fir en Uerdinger Autorail gebraucht gouf. Si haten dann och nach d'Éier de leschte Gidderzuch op der Sauerstreck (12. Juin 1964) an op der Aterlinn (Abrëll 1969) ze zéien, ier déi Strecken zougemaach goufen.

De 17. Juli 1970 huet d'ARBED d'Lok 452 kaaft an dunn huet se um Minnettsquai tëscht der Belval-Usines a Belval-Réideng Déngscht gemaach.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: CFL 450 – Biller, Videoen oder Audiodateien