CFL 3000 / Serie 13 SNCB

Lokomotiv
Serie CFL3000/ Serie 13 SNCB
Nummeréierung: CFL:3001-3020
SNCB: 1301-1360
Stéckzuel: 80
Constructeur: Alstom
Baujoren: 1997-2001
Ausmusterung: Nach a Betrib
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 90 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 19110 mm
Héicht: 4220 mm
Maximal Achselaascht 21 Tonnen
Héchstvitesse: 200 km/h
Stroumsystemer: 3kV Gläichstroum
25kV Wiesselstroum
1,5kV Gläichstroum
(mat hallwer Leeschtung)
Leeschtung: 5000 kW

D'CFL-Lokomotiven aus der Serie 3000 sinn Elektrolocken déi bei der lëtzebuergescher Eisebunnsgesellschaft CFL ënner den Nummeren 3001 - 3020 immatrikuléiert sinn. Vun 80 Maschinnen déi vun der CFL an der SNCB zesumme bei Alstom kaaft goufen, sinn der 60 un déi belsch Eisebunnsgesellschaft an 20 op Lëtzebuerg geliwwert ginn. Zu Lëtzebuerg sinn der nach 18 am Déngscht. D'Lokomotiv mat der Nummer 3001 gouf ausgemustert, an d'Lokomotiv 3012 gouf verschrott.

Allgemenges änneren

  • D'Serien CFL3000 an SNCB13 si baugläich a kënnen dofir ouni Problemer an "UM" (Unité Multiple) gefuer ginn.

Asaz beim CFL änneren

Bestand bei der CFL änneren

Nummer Bemierkung Foto
3001 Gouf kuerz no der Liwwerung beschiedegt, stoung 10 Joer am Schapp a gouf den 23. bis 25.November 2011 verschrott.
3002 Ass op den Numm Blankenberge gedeeft an huet baussen eng Plack mam Wope vun der Stad.  
3003  
3004  
3005  
3006  
3007  
3008  
3009  
3010  
3011
3012  
3013  
3014  
3015  
3016  
3017  
3018
3019  
3020  

Asaz bei der SNCB änneren

 
1356 mam InterCity A zu Oostende

D'Maschinnen 1301-1340 sinn exklusiv am Giddertransport aktiv a lafen am Pool vun der Sibelit. D'Maschinne mat den Nummeren 1341-1360 lafen haaptsächlech am Persounentraffic.

Um Spaweck änneren


Commons: SNCB Class 13 – Biller, Videoen oder Audiodateien